Belsch

Arlon

Ciné Espace

Virton

Ciné Patria

Bastogne

CineXtra

 

Frankräich

Villerupt

Cinéma Arche 

Fotoen (Le Pacte):

* Alles schéint harmonesch ze sinn

* Den Mihai  an d'Lisbet

* D'Noora an d'Elia

 

Le gagnant de la Palme d'Or est sorti en France.

En Belgique et au Luxembourg la sortie n'est prévue que fin novembre. Voici une critique en luxembourgeois, avec un petit resumé en français.

 

Fjord

Palme d’Or 2026

Regie: Cristian Mungiu (Rumänien, Frankräich, Norwegen, Schweden, Dänemark)

Mat: Sebastian Stan, Renate Reinsve, Vanessa Ceban, Henrikke Lund-Olsen, Lisa Carlehed, Jonathan Ciprian Breazu

Dauer: 146 Minutten

Bewäertung: 4,0

Den rumäneschen Regisseur Cristian Mungiu huet schonn 2007 d’Palme d’Or zu Cannes gewonnen, mat “Quatre mois, trois semaines, deux jours”. Dëst Joer ass dann fir “Fjord” eng zweet derbäi komm.

Den Rumän Mihai Gheorghiu (Sebastian Stan) a seng norwegesch Fra Lisbet (Renate Reinsve) loossen sech mat hire 5 Kanner an engem Duerf bei engem Fjord a Norwegen nidder. D’Famille ass zimmlech reliéis an esou ginn d’Kanner och erzunn. Hiert eelstent Meedchen Elia (Vanessa Ceban) fënnt am Noora (Henrikke Lund-Olsen) eng gutt Frëndin. Mee wéi hat enger Léierin opfält, well hat blo Flecken op der Schëller huet, gëtt direkt behaapt, datt hatt mësshandelt gouf. An direkt ginn d’Autoritéiten doriwwer informéiert, an d’Famille kritt hier Kanner ofgeholl, déi bei aneren Famillen ënnerkommen. Juristesch Hëllef kréien si vum Mia (Lisa Carlehed), enger Nopesch, déi Affekot ass.

De Film baséiert op engem reellen Fall, wou och eng Famille an Norwegen hir Kanner ofgeholl krut. Am liberalen Norwegen këmmeren sech d’Autoritéiten ëm geschloe Kanner. Dat ass gutt, mee wann de Fanatismus Iwwerhand kritt an et gëtt net méi genau higekuckt an déi eenzel Parteien kommen net zu Wuert, da stëmmt eppes net. Et ass esou wéi den zoustännegen Service dat seet an decidéiert. Hei kënnt nach den Glawen vun der Famille derbäi an eben déi streng reliéis Erzéiung vun de Kanner, déi villen am Duerf en Dar am A ass. De Film ass en ganz schlëmmen Albdram deen an Norwegen spillt, engem dach ziviliséierten Land.

 

Le roumain Mihai Gheorghiu (Sebastian Stan) et sa femme norvégienne Lisbet (Renate Reinsveù  s’installe au bord d’un Fjord en Norvège dans un village. Tout semble pour le mieux, jusqu’au moment où une institutrice interprète des bleus sur l’épaule d’Elia (Vanessa Ceban), leur fille, comme des traces d’un maltraitement. C’est alors qu’un cauchemar incroyable commence. Les autorités placent leurs 5 enfants ,de la famille dans des familles d’accueil, sans vraiment entendre les parents, les amis ou les enfants de l'école.

Comme l'histoire est basé sur des faits réels, le film est un vrai cauchemar sur les lois en vigueur en Norvège sur la protection des enfants. On qualifierait la Norvège  comme pays civilisé avancé.

 

Thionville

La Scala

 

2013 ginn 2 Säll (191 an 104 Plazen) vum alen Kino LeParis nees frësch opgemaach. Den ursprünglechen Kino La Scala war op der Place du Marché an ass 1932 opgaang. Séit November 2013 ass de Kino op där Plaz zou. D’Fassade steet nach ëmmer.

Adresse: 63, Boulevard Foch, 57100 Thionville 

Gratis-Parkplazen vis-à-vis vum Kino.

Kinepolis Thionville

 

Ouverture 1999, 10 Säll an 2706 Sëtzplazen

Adresse: 50, Rte d'Arlon, 57100 Thionville

Gratis-Parkplazen beim Kino.

Longwy

Kinepolis Longwy

 

Ouverture 2000, 7 Säll an 1256 Sëtzplazen

Adresse: Avenue de Saintignon, 54400 Longwy

Gratis-Parkplazen beim Kino.

Amnéville

Kinepolis Amnéville

 

2022 iwwerhëlt Kinepolis de Kino Gaumont zu Amnéville, deen den 6. Juni 2000 opgaang ass. 2024 gëtt en komplett renovéiert an huet elo 12 Säll an 2352 Sëtzplazen.

Adresse: Parvis De L'image, Rue de l'Europe, 57360 Amnéville

Gratis-Parkplazen beim Kino.

Metz

KLUB Cinéma

 

2018 gëtt aus dem Kino Palace de Klub, ënner der Regie vun Kinepolis, mat 7 Säll an 909 Sëtzplazen

Adresse: 5, Rue Fabert, 57000 Metz

En eegenen Parking huet de Kino net. De nächsten Parking ass op der Place de la République.

Kinepolis Saint-Julien-lès-Metz

 

Ouverture 1995, 14 Säll an 4001 Sëtzplazen

Adresse: 10, Avenue Paul Langevin, 57070 Saint-Julien-lès-Metz

Gratis-Parkplazen beim Kino.

Kinepolis Amphithéâtre

 

Ouverture 2022, 8 Säll an 1105 Sëtzplazen

Adresse: Rue des Messageries, 57000 Metz

En eegenen Parking huet de Kino net. De nächsten Parking ass den Parking Messageries op 150 Meter.

 

Kinepolis Waves

Ouverture 2021, 6 Säll an 884 Sëtzplazen

Adresse: 1, Chemin de la Pie Grièche, 57160 Moulins-lès-Metz

Gratis-Parkplazen beim Kino.


Däitschland

Trier

Broadway

CinemaXX

Saarbrücken

Saarlouis

Capitol MovieWorld