Op dëser Säit fannt Dir Neiegkeeten aus der Welt vum Film, haaptsächlech aus Lëtzebuerg, mee och international.

Fred Neuen, neie President vun der Lëtzebuergescher Filmakademie
De lëtzebuergeschen Moderator an e Film- a Televisiounssproduzent Fred Neuen gëtt neien President vun der Lëtzebuergescher Filmakademie. De laangjärege President Yann Tonnar wëll sech elo sengen professionellen Aktivitéiten widmen.
Op dëser Säit gidd Dir alles iwwer de Fred gewuer (Link).
75. Däitsche Filmpräis
Säit 1951 gëtt den Däitschen Filmpräis (Lola) verginn. Fréier huet de Präis Bundesfilmpreis geheescht. 1999 kritt de Präis de Numm Lola, deen vun der Roll vum Lola kënnt, déi d’Marlene Dietrich an “Der blaue Engel“ gespillt huet a vum Film “Lola” vum Rainer Werner Fassbinder a vum Film “Lola rennt” vum Tim Tykwer.
Den 9. Mee 2025 war déi 75. Iwwerreechung am Theater am Potsdamer Platz zu Berlin. Déi ronn 2300 Memberen vun der Däitscher Filmakademie hunn am Mäerz a 17 Kategorien ofgestëmmt.
Dem Tim Fehlbaum säi Film “September 5” gewënnt 9 Präisser vun 10 méiglechen: Beschte Film, Regie, Dréibuch (Moritz Binder an Tim Fehlbaum), Kamera (Markus Förderer), Schnëtt (Hansjörg Weißbrich), Toungestaltung (Lars Ginzel, Frank Kruse, Marc Parisotto an Marco Hanelt), Zeenebild (Julian Wagner an Melanie Raab), Maskebild (Sabine Schuman) an beschte Schauspillerin an enger Nieweroll Leonie Benesch.
* “The Seed of the Sacred Fig” vum Mohammad Rasoulof: Filmpreis in Silber, beschte männlech Haaptroll Misagh Zare
* “In Liebe, Eure Hilde” vum Andreas Dresen: Filmpreis in Bronze, bescht weiblech Haaptroll Liv Lisa Fries
* Beschten Dokumentarfilm: “Petra Kelly – Act Now!” vum Doris Metz
* Beschten Kannerfilm: “Akiko, der fliegende Affe” vum Veit Helmer
* Bescht männlech Nieweroll: Godehard Giese an “Sad Jokes” vum Fabian Stumm
* Bescht Filmmusik: Dascha Dauenhauer fir “Islands” vum Jan-Ole Gerster
* Bescht Kostümbild: Juliane Maier an Christian Röhrs fir “Cranko” vum Joachim Lang
* Bescht visuell Effekter: Jan Stoltz an Franzisca Puppe fir “Hagen – Im Tal der Nibelungen” vum Cyrill Boss an Philipp Stennert
* Besucherstärkste Film: “Die Schule der magischen Tiere 3” vum Sven Unterwaldt
* Éirepräis: An Dorthe Braker, däitsch Casting-Direktesch
Fotoen (vu lénks no riets) (verschidde Quellen):
* De Regisseur Tim Fehlbaum; ënnen: d'Leonie Benesch an "September "
* Misagh Zare
* Liv Lisa Fries
* Godehard Giese





Präis fir HAPPYLAND
De Film "Happyland" vum Evi Romen ass vun Amour Fpu Lëtzebuerg mat produzéiert ginn. Rezent ass d'Filmmusek vun der ACOM – Austrian Composers Association mat dem Diagonale Award aus gezeechnet ginn. D'Gewënnerin ass d'Komponistin Dorit Chrysler.
Mat Andrea Wenzl, Simon Frühwirth, Michael Pink an Robert Stadlober.
Wéini de Film bei eis en d'Kinoe kënnt, ass nach net gewosst.
Hei de LINK zum Trailer.
Fotoen (Amour Fou):
* D'Komponistin Dorit Chrysler
* D'Filmplakat


Lëtzebuerg zu Cannes 2025
Den 78. Festival vu Cannes ass vum 13. bis den 24. Mee op der Croisette. Dëst Joer ass Lëtzebuerg mat 3 Filmer vertrueden.
An der Offizieller Competitioun start dem Jafar Panahi säin “Un simple Accident”, deen vu Bidibul (Christel Henon an Lilian Eche) coproduzéiert gouf.
Vu Bidibul ass och den Animatiounsfilm “Marcel et Monsieur Pagnol” mat finanzéiert ginn. Dëse Film vum Sylvain Chomet (“Les Triplettes de Belleville”) ass vun Doghouse mat realiséiert ginn (Layout, d’Faarwen vun den Dekoren an d’2D-Animatioun). De Film leeft am Kader vun Spezial-Virstellungen.
An der Sektioun “Un Certain Regard” ass dann “Love Me Tender” vum Anna Cazenave Cambet ze gesinn. D’Vicky Krieps spillt d’Haaptroll nieft Monia Chokri, Antoine Reinartz an Clotilde Courau. De Film ass vun Viktoria Productions mat finanzéiert ginn, eng Produktiounsfirma, déi d’Vicky Krieps gegrënnt huet.
Fotoen:
* Un simple Accident (Bidibul)
* Marcel et Monsieur Pagnol (Bidibul)
* Love Me Tender (Viktoria Productions)






Den Val Kilmer stierft am Alter vun 65 Joer
Den Val Edward Kilmer kënnt den 31. Dezember 1959 zu Los Angeles, Kalifornien, op d’Welt. Den 1. Abrëll 2025 ass hien do un de Follgen vun enger Longenentzündung gestuerwen. Hien besicht d’Berkeley Hall School, déi vun enger neier reliéiser Beweegung geléit gëtt, der “Christian Science”, där hien bis zu sengem Doud trei ass. Duerno geet hien op d’Chatsworth High School, wou och den Kevin Spacey an d’Mare Winningham studéieren. Am Alter vun 17 Joer ass hien de jéngsten Schüler, deen jee op der Juilliard School zu New York opgeholl gouf. 1981 schléisst hien säin Schauspill-Studium of. No e puer Optrëtter am Theater, feiert hien säin Broadway-Debut 1983 mat “Slab Boys” nieft Sean Penn an Kevin Bacon.
Ee Joer méi spéit steet hien fir d’éischt fir un enger Filmkamera. “Top Secret” heescht säin éischte Kinosfilm. Et kommen no: “Top Gun”, “Willow” an “The Doors”, wou hien de legendären Sänger Jim Morrison spillt. “Tombstone”, “Batman Forever”, “Heat”, “Red Planet”, “Wonderland” an “Alexander” sinn weider bekannt Filmer mam Val Kilmer. Säi leschte Film ass d’Fortsetzung vun “Top Gun” “Top Gun – Maverick”.
De Val Kilmer huet op de Filmsets dacks gestridden a war net besonnesch beléift bei verschiddenen Regisseuren a Schauspill-Kolleegen an -Kolleeginnen.
Vun 1988 bis 1996 war hien mat der Schauspillerin Joanne Whalley bestuet. Hien war Papp vun 2 Kanner.
Hei de LINK op seng ganz Biografie.
Fotoen:
* De Val Kilmer an "Top Gun" (Paramount)
* De Val Kilmer als Jim Morrison an "The Doors". Hei mam Meg Ryan (Carolco Pictures)
* De Val Kilmer 2024 (EuropaNewswire)



Den Richard Chamberlain ass dout
Weltwäit bekannt gouf den Richard Chamberlain duerch seng Roll vum Paschtouer Ralph de Bricassart an der TV-Serie “The Thorn Birds” (1983; Die Dornenvögel).
Den George Richard Chamberlain ass den 31. Mäerz 1934 zu Los Angeles, Kalifornien, op d’Welt komm. Wärend sengem Konscht-Studium fänkt hien un, sech fir Theater ze interesséieren. Allerdéngs ënnerbrécht den Militär-Déngscht dës nei Begeeschterung. No der Arméi moolt hien an hellt Gesangs- a Schauspill-Unterrecht. Hien spillt Niewerollen an Televisiounsserien a Kinofilmer. 1961 kritt hien d’Titelroll an der TV-Serie “Dr. Kildare”. Hien gëtt schnell e Star an a Fraen-Schwarm. D’Serie leeft bis 1966. Et muss een awer bemierken, datt den Chamberlein homosexuelle war a laang Joren mat sengem Frënd Martin Rabbett op Hawaii gelieft huet. No der Astellung vun der Serie “Dr. Kildare” huet hien och nees Theater gespillt, e. a. zu Birmingham, wou hien als Hamlet 1968 ganz gutt Kritiken krut.
An den 1970er Jore dréit hien mam Ken Russell “The Music Lovers”, ënnert der Regie vum Richard Lester “The Three Musketeers” an “The Four Musketeers”. “The Towering Inferno” an “the Slipper and the Rose” sinn weider erfollegräich Filmer.
1980 dréit hien d’TV-Serie “Shogun” an 1983 d’Serie “The Thorn Birds”. Hien gewënnt den Golden Globe fir “Dr. Kildare”, “Shogun” an “The Thorn Birds”. Hien spillt och den Abenteurer Allan Quatermain an de Filmer “King Solomon's Mines” (1985) an “Allan Quatermain and the Lost City of Gold” (1986). Duerno spillt hien speziell an TV-Serien mat, wou hien meeschtens e kuerzen Optrëtt huet. Säin leschten Kinosfilm war “Finding Julia” (2019).
Den 29. Mäerz 2025 ass hien Waimānalo op Hawaii un de Follgen vun engem Häerzinfarkt gestuerwen, 2 Deeg viru sengem 91. Gebuertsdag.
Hei de LINK op seng ganz Biografie.
Fotoen:
* Den Richard Chamberlain an de leschte Joren
* Den Richard Chamberlain als Paschtouer Ralph de Bricassart an d'Rachel Ward als Meggie Cleary an 'The Thorn Birds" (Warner Bros.)
* Den Richard Chamberlain an d'Sharon Stone an “King Solomon's Mines” (imago images)


D’Émilie Dequenne ass dout
D’Émilie Dequenne ass den 29. August 1981 zu Beloeil an der Belsch op d’Welt komm an ass un engem ganz seltenen Kriibs vun der Niewennieren-Schuel den 16. Mäerz 2025 zu Villejuif (F) gestuerwen.
Schonn am Alter vun 17 Joer gewënnt hatt fir säin alleréischte Film “Rosetta” vun de Gebridder Luc an Jean-Pierre Dardenne zu Cannes 1999 den Präis als beschten Schauspillerin. De Film kritt och d’Palme d’Or. 2000 kritt hatt den Prix Joseph Plateau als beschte Schauspillerin zu Gent. D’Émilie gewënnt 2021 och den César als beschten Schauspillerin an enger Nieweroll fir “Les Choses qu'on dit, les choses qu'on fait”.
Weider bekannte Filmer aus senger vill ze kuerzer Carrière waren: “Le Pacte des Loups” (2001), “Une femme de ménage” (2002), “L’Américain” (2004), “La Fille du RER” (2009) an 2013 ass hatt an “Möbius” vum Eric Rochant ze gesinn, eng Co-Produktioun vun Samsa Film.
D’Émilie ass d’Mamm vun engem Meedchen, dem Milla Savarese, dat och Schauspillerin ass. De Papp ass den DJ Alexandre Savarese. Hatt war séit 2014 mam franséischen Schauspiller Michel Ferracci bestuet.
Hei de LINK zu senger Bio- a Filmographie.
Fotoen:
Uewen: * Den Luc an den Jean-Pierre Dardenne zu Cannes, wéi si dem Émilie Dequenne fir de Gewënn vun der Palme als beschten Schauspillerin gratuléieren (AFP)
Ënnen: D'Émilie Dequenne (Archiv)

* Den Sean Baker gëtt mam Oscar als beschten Regisseur ausgezeechnet fir seng Aarbech an "Anora"
An the Oscar goes to …
Déi 97. Oscar-Verdeelung war den 2. Mäerz am Dolby Theatre zu Los Angeles. D’Academy of Motion Picture Arts and Sciences huet hir Präisser un déi beschten Filmer an Léit aus der Filmbranche verdeelt, an dat an 23 Kategorien. D’Show gouf moderéiert vum Conan O’Brien.
5 Oscaren gouf et fir “Anora” vum Sean Baker: Film, Regisseur, Schnëtt, Originaldréibuch an Schauspillerin, d’Mickey Madison. Dëst war schonn eng Iwwerraschung, well de Gewënnerfilm vun der Palme d’Or 2024 huet net direkt zu den Favoritten gehéiert, wou éischter “The Brutalist”, nom Gewënn vun 3 Golden Globes, ze gesinn war. Mee den Adrien Brody gewënnt fir seng Haaptroll an dem “The Brutalist”, no dem Golden Globe, och den Oscar, säin zweeten, no deem fir “The Pianist”.
Interessant ass och, datt “Flow” als beschten Animatiounsfilm ausgezeechent gouf an Filmer wéi “The Wild Robot” oder “Inside Out“ op der Streck gelooss huet.
“Ainda estou aqui” (I’m Still Here) vum Walter Salles gëtt als beschten internationalen Film mam Oscar belount. Dëse Film, wéi och nach “The Brutalist”, “Flow” an “Anora” lafen nach an eise Kinoen.
Den Komponist Quincy Jones (1933 - 2024) krut postum en Éierenoscar fir säin Liewenswierk.
Hei e Link op all d’Gewënner an Nominatiounen.
Fotoen (Handout/The Academy):
* (ganz lénks) D’Mickey Madison mam Oscar als beschte Schauspillerin
* (lénks uewen) Den Adrien Brody gewënnt säin zweeten Oscar
* (lénks ënnen) D'Zoe Saldaña kritt den Oscar als beschten Niewenduerstellerin fir "Emilia Pérez"
* (riets uewen) Den Jacques Audiard, d'Camille an den Clément Ducol hunn den Oscar fir de beschten Filmsong "El Mal" aus "Emilia Pérez" gewonnen
* (riets ënnen) Den Quincy Jones





D’Gëllen Hammbieren 2025
45th Golden Raspberry Awards, Razzies oder Razzie Awards
Séit 1981 ginn als Konterstéck zum Oscar d’Gëllen Hammbieren verginn, fir déi schlechtst Leeschtungen am Filmbusiness. Fir d’45. Kéier goufen dës Präisser den 28. Februar bekannt ginn, zwee Deeg virun den Oscaren. Stëmmberechtegt sinn eng 1200 Filmfans, Journalisten a Kritiker aus Amerika an aus iwwer 20 Länner op der Welt.
De Numm “Rasberry Award” kënnt vum englesche Sproch “to blow a rasberry”, wat bedeit “e Fuerz-Geräisch mam Mond nomaachen”.
Schlechtsten Film an Dréibuch: “Madame Web”
Schlechtsten Neiverfilmung an Film-Koppel: “Joker: Folie à Deux” an Lady Gaga an Joaquin Phoenix
Schlechtsten Regisseur an Niewenduersteller: Francis Ford Coppola an Jon Voight fir “Megalopolis”
Schlechtsten Schauspiller an Niewenduerstellerin: Jerry Seinfeld an Amy Schumer fir “Unfrosted”
Schlechtsten Schauspillerin: Dakota Johnson fir “Madame Web”
D’Pamela Anderson krut en “Hammbier Erléiser Präis”. Dat ass e positive Präis fir hei eng Gewënnerin vun Gëllen Hammbieren an der Vergaangenheet, déi sech mam Gewënn vun “richtege” Präisser erkrabbelt huet.


* D'Dakota Johnson als "Madame Web"
* D'Lady Gaga an den Joaquin Phoenix an "Joker: Folie à Deux"



Den Gene Hackman ass dout
Den Schauspiller Gene Hackman a seng Fra Betsy Arakawa, eng Pianistin, sinn e Mëttwoch, den 25. Februar dout an hirem Haus zu Santa Fe Summit (New Mexico) fonnt ginn. D’Koppel ass 1991 bestuet ginn an séit e puer Joren liewen si zeréck gezunn vun der Ëffentlechkeet an hirem Haus. Den Hackman huet 2004 säin leschten Film gedréit. Bei engem Welfare Check ass d’Koppel dout fonnt ginn an och hiren Hond war zu där Zäit net méi um Liewen. D’Doudesursaach ass nach net gewosst.
Den Eugene Allen „Gene“ Hackman ass den 30. Januar 1930 zu San Bernardino, Kalifornien, op d’Welt komm. No enger Rei Rollen um Broadway an op der Tëlee dréit den Hackman 1961 säin éischte Film, “Mad Dog Coll”. En éischten groussen Erfolleg war seng Roll als Clyde Barrow an “Bonnie and Clyde” (1967). Hien gëtt fir den Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll nominéiert. Eng zweet Oscarnominatioun als beschte Schauspiller an enger Nieweroll kritt hien fir “I Never Sang for My Father” (1970) an schliisslech gewënnt hien déi begierte Statue als beschten Schauspiller fir “The French Connection”. En zweeten Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll gewënnt hien 1993 fir “Unforviven”. Hien huet och nach 3 Golden Globes (“The French Connection”, “Unforviven” an “The Royal Tenenbaums”) gewonnen an den Cecil B. DeMille Award.
Weiter bekannt Filmer mat him sinn: “Marooned” (1969), “The Poseidon Adventure” (1972), “The Conversation” (1974), “A Bridge Too Far” (1977), “Superman” (1978), “Under Fire” (1983), “Mississippi Burning” (1988), “The Quick and the Dead” (1995) a säin leschte Film war “Welcome to Mooseport” (2004).
Den Hackman war vun 1956 bis 1986 mam Faye Maltese (1928–2017) bestuet an si haten 3 Kanner.
Hei de Link fir seng komplett Bio- a Filmografie op Wikipedia.
Wéi haut den 8. Mäerz bekannt gouf, soll dem Gene Hackman seng Fra Betsy Arakawa un enger Viruserkrankung (Hanta-Virussen) gestuerwe sinn, warscheinlech den 11.Februar. Den Gene Hackman, deen un Alzheimer gelidden huet, ass e puer Deeg méi spéit, méiglecherweis den 18. Februar, un enger Häerz-Kreeslaf-Krankheet gestuerwe. No enger Autopsie sinn dës nei Erkenntnisser bekannt gi. Op dësem LINK fannt Dir en ausféierlechen Artikel zum Thema.
Fotoen (Archiv):
* Den Gene Hackman
* Den Hackman als Jimmy „Popeye“ Doyle an "The French Connection"
* Den Gene Hackman a seng Fra Betsy


“Marginal”, eng nei Serie op RTL
Vum Serie 25. Februar un gëtt op RTL eng nei 4-deeleg lëtzebuergesch Serie gewisen, déi op reellen Kriminalfäll aus Lëtzebuerg baséieren. Et ass eng Co-Produktioun tëscht Samsa Film, Artémis Productions an RTL, mat der Hëllef vum Film Fund. Regie féiert den Loïc Tanson (“Läif a Séil”, “Eldorado”) an d’Dréibuch staamt vum Frédéric Zeimet (“Läif a Séil”, “Mammejong”, “Doudege Wénkel”). Déi 4 Deeler sinn all schwaarz-wäiss.
Et spillen: Jules Werner, Timo Wagner, Marie Jung, Philippe Thelen, André Jung, Margarida Domingos, Marc Baum, Guy Helminger an Giusi Carenza.
Op RTL den 25. Februar, 3., 11., an 18. Mäerz jeeweils um 20.00.
Fotoen (Samsa Film):
* Den Jules Werner als Ënnersuchungsriichter Albert Henrotin
* Den Tommy Schlesser spillt säin eegenen Ur-Grousspapp Emile Schlesser, deen 1910 mat engem Fall ze dinn hat
Lëtzebuerg um Filmfestival vun Berlin
Fir déi 75. International Filmfestspiller vu Berlin, kuerz Berlinale genannt, sinn 5 Lëtzebuerger Co-Produktiounen selektionéiert. Am offiziellen Wettbewerb starten follgend 3 Filmer:
* “La Cache” vum Lionel Baier, no dem Roman vum Christophe Boltanski. Dëst ass eng Zesummenaarbecht vun Red Lion mat Produzenten aus der Schwäiz an Frankräich. Den Michel Blanc, deen am Oktober 2024 verstuerwen ass, spillt hei seng leschten Filmroll. D’Larisa Faber an d’Sophie Langevin sinn och ze gesinn.
* “Reflet dans un Diamant mort” vum Hélène Cattet an Bruno Forzani. Les Films Fauves hunn dëse Film mat der Belsch, Frankräich an Italien finanzéiert. D’Sophie Mousel spillt hei eng Roll.
* “Timestamp” ass en Dokumentarfilm vum Kateryna Gornostai. D’Lëtzebuerger Produktiounsfirma a-Bahn huet mat Produzenten aus der Ukrain, Holland an Frankräich zesumme geschafft.
An der Sektioun Panorama start de Film “Confidente” vun Çağla Zencirci an Guillaume Giovanetti. Bidibul Productions produzéiert fir Lëtzebuerg, zesummen mat weideren Produzenten aus Frankräich an der Türkei.
An der Sektioun Forum leeft dann de Film “Der Kuss des Grashüpfers” vum Elmar Imanov. Wady Films produzéiert mat Däitschland an Italien. Hei spillen d’Sophie Mousel, den Al Ginter an den Adolf El Assal.
Fotoen (Film Fund Lëtzebuerg):
vu lénks no riets: “La Cache”, “Reflet dans un Diamant mort” an “Timestamp”





De Bertrand Blier stierft am Alter vun 85 Joer
Den Bertrand Blier kënnt den 14. Mäerz 1939 zu Boulogne-Billancourt op d’Welt. Hien ass de Bouw vum bekannten franséischen Schauspiller Bernard Blier (1916-1989). 1963 geet seng Filmcarrière mat dem Dokumentarfilm “Hitler, connais pas” un. 1974 gëtt hien iwwerall bekannt duerch de Film “Les Valseuses”, mat Gérard Depardieu, Patrick Dewaere an Miou Miou, déi opgrond vun dësem Film och berüümt ginn.
Fir “Préparez vos mouchoirs” kritt hien den Oscar vum beschten auslänneschen Film 1979. 1989 gewënnt hien zu Cannes den Grand Prix vun der Jury fir “Trop belle pour toi”. Dëse Film gewënnt dat Joer drop 5 Césaren, e. a. 2 fir den Blier als Regisseur an Dréibuchauteur an schliisslech gouf et nach den César als beschte Film. Hien krut och nach den César fir dat beschten Dréibuch fir “Buffet froid” (1980) an “Notre histoire” (1985).
Hien war dréi Mol bestuet. Den 20. Januar 2025 ass hien zu Paräis gestuerwen.
Hei nach de Link zu senger Biographie op Wikipedia.
Fotoen:
Uewen: Den Bertrand Blier 2022 (Le Parisien)
Ënnen: 1975. Den Bertrand an säi Papp Bernard bei den Dréiaarbechten zu "Calmos" (archives LBP)

Foto: Coulter
Den David Lynch ass dout
Den David Lynch ass den 20. Januar 1946 zu Missoula am Montana (USA) op d’Welt komm. Den 15. Januar 2025 ass hien am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
Hien war e Multitalent a war e. a. Moler, Fotograf, Designer a Komponist. Am Kino war hien besonnesch fir seng dacks surrealistesch Filmer bekannt, wéi “Eraserhead” (1977), “Blue Velvet” (1986), ”Lost Highway” (1997) oder “Mulholland Drive” (2001).
No e puer Kuerzfilmer dréit hien 1977 säin éischten Film “Eraserhead”.
1980 gëtt hien duerch “The Elephant Man” bekannt a gëtt als beschten Regisseur bei den Oscaren nominéiert an och fir dat bescht Dréibuch.
1990 gewënnt hien d’Gëllen Palm zu Cannes fir “Wild at Heart”.
Hien ass och den Regisseur vun der Kultserie “Twin Peaks” (1989 – 1991). 2019 kritt hien en Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.
Den David Lynch war 4 Mol bestuet an ass Papp vu 4 Kanner.
Hei de Link zu senger ganzer Biografie.




Alles Guddes zum Gebuertsdag:
D’Désirée Nosbusch gëtt 60 Joer jonk !
D’Désirée Nosbusch kënnt den 14. Januar 1965 zu Esch-Uelzecht op d’Welt.
Am Alter vun 12 Joer geet hir Karriär als Radio-Moderatorin beim däitschen RTL un. Mat 16 dréit si hiren éischten Kinosfilm “Nach Mitternacht”.
1984 moderéiert d’Désirée den 29. Grand Prix Eurovision de la Chanson.
2001 dréit si hiren éischten Film, den Kuerzfilm “Ice Cream Sundae”, mam Tippi Hedren, bekannt aus “The Birds” vum Alfred Hitchcock.
Fir d’éischt steet si 2006 op enger Theaterbün.
2011 grënnt si mam Alexandra Hoesdorff-Rosen d’Produktiounsfirma deal productions.
2018 kritt si den Grimme-Präis fir hir Roll an der Serie “Bad Banks”.
Hiren éischten Film “Poison” huet am Juli 2024 zu München Première gefeiert a soll am Mäerz och hei an d’Kinoe kommen.
Hei en klengen Hommage un d’Désirée mat enger Rei Fotoen
(all d'Fotoen CS).
Hir Biografie fannt Dir op dësem Link.


* Ganz uewen: Beim Filmpräis 2009
* 14. Juni 2011 am Utopia: Première vun TANZENDE STERNE vum Michael Wenk, en Hommage un d’Germaine Damar
Vu lénks: Désirée Nosbusch, Michael Wenk, Germaine Damar

Lénks:
Beim Filmpräis 2012
Riets:
Dréiaarbechten zu der Serie
“Bad Banks 2” den
27. Februar 2019



Golden Globes 2025
Den 5. Januar war am Beverly Hilton Hotel zu Beverly Hills déi 82. Iwwerreechung vun den Golden Globes. Hei sinn et d’Memberen vun der Hollywood Foreign Press Association, déi driwwer ofstëmmen, wat dann elo dat Beschte am Kino an op der Tëlee vum vergaangene Joer war.
Hei eng Lëscht vun den wichtegsten Gewënner:
Bescht Drama: “The Brutalist” vum Brady Corbet. Den Brady Corbet gewënnt den Golden Globe als beschten Regisseur an den Adrien Brody als beschte Schauspiller an engem Drama.
Bescht Comedy/Musical: “Emilia Pérez” vum Jacques Audiard. D’Zoe Saldaña gëtt beschten Niewenduerstellerin an enger Comedy/Musical. De Song “El Mal” ass de beschten Filmsong, an de Film gewënnt och nach de Präis als beschten net-engleschsproocheche Film.
De Golden Globe als beschten Schauspillerin an engem Drama gewënnt d’Fernanda Torres an “Ainda estou aqui” (I’m Still Here) vum Walter Salles.
An der Kategorie Comedy/Musical gëtt den Sebastian Stan zum beschten Schauspiller fir seng Roll an “A Different Man” vum Aaron Schimberg gewielt an d’Demi Moore fir hir Roll an “The Substance” vum Coralie Fargeat.
De Peter Straughan kritt de Golden Globe fir d’Dréibuch zu “Conclave “vum Edward Berger.
D’Schauspillerin Viola Davis ass mam Cecil B. DeMille Award 2025 geéiert ginn.
D’komplett Lëscht fannt dir e.a. op dësem Link.
Déi Lëtzebuerger Koproduktioun “All We Imagine As Light”, déi zesummen mat Indien, Frankräich, Holland an Italien finanzéiert gouf, war fir zwee Golden Globes nominéiert: beschten net-engleschsproocheche Film an beschten Regisseur Payal Kapadia. Mee leider huet de Film keen Golden Globe gewonnen.


Fotoen (Prana Film):
Den Max Schreck als Nosferatu.


Fotoen (Delux Films):
* De Willem Dafoe als Max Schreck, alias Nosferatu.
* En Dekor vum Film zu Branebuerg.
Nosferatu: e Bléck an d’Filmgeschicht
D’Wuert “Nosferatu” soll den rumäneschen Ausdrock fir “Vampir” sinn, och wann et am Volleksglawen keen esou e Begrëff gëtt. Réischt mam Bram Stoker sengem Roman “Dracula” (1897) gëtt “Vampir” weltwäit e Begrëff, wéi och de Numm “Dracula”, deen sech vum Blutt vun Mënschen ernäert. Wou de Begrëff “Nosferatu” hierkënnt, ass net gewousst. Et gëtt awer ugeholl, dat en aus der griichescher Volleksmythologie staamt an “Krankheet bréngend” bedeit.
Wann een op Wikipedia no “Vampirfilme” sicht (Link) , dann fënnt een eng laang Lëscht mat Filmer, an deenen Vampiren eng Roll spillen. Mee wat war den éischten Vampirfilm an der Filmgeschicht?
Laut Wikipedia (Link) ass “Drakula halála” (1921; Ungarn; “Draculas Tod”) vum Károly Lajthay den éischten Dracula-Film an der Filmgeschicht. Den Éisträicher Paul Askonas spillt e Mann, deen behaapt den Dracula ze sinn. Allerdéngs hat d’Dréibuch direkt näischt mam Bram Stoker sengem Roman “Dracula” ze dinn.
1922 kënnt “Nosferatu – Eine Symphonie des Grauens” vum Friedrich Wilhelm Murnau an Däitschland an d’Kinoen. De Max Schreck spillt den Grof Orlok, e Vampir, deen an de Karpaten lieft an deen en Haus zu Wisborg (eng imaginär Hafestaat an Däitschland) kaf huet. Den Immobilienhändler Knock (Alexander Granach) schéckt säin Ugestallten Thomas Hutter (Gustav von Wangenheim) op eng laangwiereg Rees bei de Grof, fir de Kontrakt ze ënnerschreiwen. Den Thomas ass mam Ellen (Greta Schröder) bestuet, dat spéider dem Grof verfält. Méi soll net verroden ginn, well den neien “Nosferatu” vum Robert Eggers erzielt déi selwecht Geschicht wéi dem Murnau säin Original (Kritik an der Rubrik “Film(er) vun der Woch”).
Dem Murnau säi Film ass deen eenzegen, deen d’Produzenten Enrico Dieckmann an Albin Grau mat hirer Firma Prana Film jee produzéiert hunn. D’Iddi ass dem Grau komm, wéi 1916 e serbesche Bauer him am Krich erzielt huet, datt säi Papp e Vampir soll sinn. Wéi den Henrik Galeen den Optrag fir en Dréibuch krut, haten déi zwee Produzenten d’Rechter um Stoker sengem Roman net an dach sollt sech d’Geschicht un dësem inspiréieren. De Galeen hat schonn d’Dréibicher zu den Grujelfilmer “Der Student von Prag” (1913; Regie: Hanns Heinz Ewers, Stellan Rye an Paul Wegener) an “Der Golem, wie er in die Welt kam” (1920; Regie: Paul Wegener an Carl Boese) geschriwwen. Well d’UFA (eng däitsch Film-Produktiounsfirma an en Film-Distributeur) de Film net an hiren Kinoen wollt weisen, ass deen nëmmen a klenge Kinoen gelaf. Sou sinn net vill Suen agespillt ginn an am August 1922 huet d’Firma Prana Film Faillite gemaach.
Interessant ass, datt eng lëtzebuergesch Koproduktioun vun Delux (zesummen mat Groussbritannien an den USA), “The Shadow of the Vampire” (2000; Regie: Elias Merhige), d’Geschicht vun den Dréiaarbechten zu dem Murnau sengem “Nosferatu” erzielt. Ënner anerem huet den Nicolas Cage dëse Film matproduzéiert. Am Studio vun Delux zu Märel sinn vill Opnamen entstanen, méi et gouf och an de Schlässer zu Veianen an Branebuerg gedréit, wéi um „Gehaansbierg“ zu Diddeleng, am Mëllerdall, am Fond-de-Gras an zu Esch/Uelzecht um alen Arbeds Terrain. Den John Malkovich huet den Murnau gespillt, de Willem Dafoe de Max Schreck, den Udo Kier den Albin Grau, den Eddie Izzard den Gustav von Wangenheim an Catherine McCormack d’Greta Schröder. De Film huet 8 Milliounen Dollar kascht, awer nëmmen eppes méi wéi 11 agespillt.
46. Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken (vum 20. bis 26. Januar 2025)
An der Programmrei SaarLorLux gëtt d'Filmschaffen aus der Groussregioun viirgestallt. Hei lafen zwee lëtzebuergesch Kuerzfilmer:
Meadows wait, mist diffuses
Regie: Dzhovani Gospodinov, en Experimentalfilm
Iwwer 4 Joer huet den Regisseur Dzhovani Gospodinov am Hosbësch an der Geméng Lenneng (Lenningen) Kameraen mat Beweegungs-Sensoren installéiert an d’Natur gefilmt. Sou thematiséiert hien d’Zerstéierung vun der Natur an hannerfreet de Sënn vum Andréngen an d’Natur vum Mënsch.
Kannerspill
Regie: Eileen Byrne
Mat: Anouk Wagener, Jeanne Werner, Eugénie Anselin
Wéi zu Lëtzebuerg eng riets Partei d’Wale gewënnt, ännert sech d’Liewen fir dréi elengerzéiend Mammen. D’Sozial-Hëllefen gi gestrach an eng Mamm verléiert hir Wunneng. Déi dréi Fraen gesinn nach just een Auswee: eng Bank iwwerfalen. An si prouwen den Iwwerfall op enger Spillplaz.


Foto (Amandine Klee): Kannerspill
2024 2024 2024 2024 2024 2024



Dany Cage, histoire d’une émancipation
Den Regisseur François Baldassare huet dréi Kuerzfilmer realiséiert an mat “Dany Cage” säin éischten laange Film. 2018 léiert hien zu Paräis per Zoufall den Danilo Gauny, alias Dany Lo, kënnen, deen him seng Geschicht erzielt, déi vum “Dany Cage”, e Bistro, wou deemools aktuell an alternativ Musek um Programm stoung, eng Aart psychedelischen Tempel. Den Danilo, deen sech och Dany Cage genannt huet, huet dësen Bistro, deen virdrun e Restaurant war, vun 1969 bis 1971 bedriwwen. Et war den Treffpunkt vun allen, déi den Konventiounen vun der Gesellschaft entkomme wollten an méi ausgefalen Musek gär haten. Den Danilo ass iwwregens den 23. Juli 2024 gestuerwen. Den 11. Abrëll 1947 ass hien zu Diddeleng op d’Welt komm.
Zesummen mat Canopée Production Asbl. an der Produzentin Tessy Fritz ass d’Iddi entstanen, e Film iwwer den “Dany Cage” ze dréien. Iwwregens huet den Andy Bausch schonn a sengem Dokumentarfilm “Sixty8” iwwer den renomméierten Club bericht. Den Lëtzebuerger Film Fund huet iwwer seng “Carte Blanche” Suen zum Dréi bäigesteiert a sou konnt dann mat den Dréiaarbechten an den Recherchen ugefaange ginn. D’Mond-zu-Mond-Propaganda war ganz wichteg, fir Leit ze fannen, déi den “Dany Cage” besicht hunn an esou schwätzen z. B. Paul Hammelmann, Lydie Polfer, Bob Krieps, Jacqueline Breuer an Colette Flesch iwwert hir Erfarungen mam “Dany Cage”. Den fréieren Discjockey aus dem Club, den Men Maas, kënnt och zu Wuert souwéi den Danilo selwer an den kierzlech verstuerwenen Maître Gaston Vogel, méi am Zesummenhang mat der Emanzipatiouns-Beweegung zu Lëtzebuerg am Ëmfeld vun dem Vietnam-Krich, dem Sommer of Love, Mee 68 an Woodstock. Filmer iwwer de Club ginn et keng, just e puer Fotoen a vill Erënnerungen.
An den 73 Minutten, déi de Film dauert, ginn et och e puer nogestallten Zeenen, déi am Club spillen. Hei sinn ë. a. den Joël Delsaut, den Alexandre Hornbeck, den Steve Roller oder den Gilles Soeder ze gesinn. Fir d’Kamera-Aarbecht ass den Carlo Thiel responsabel. De Film dierft an éischter Linn all déi interesséieren, déi den Club kannt hunn.
Fotoen:
* Den Danilo Gauny
* Den "Dany Cage" an der Rue Beaumont op de Nummer 1c
* D'Produzentin Tessy Fritz, den Marc Bollendorf, deen den "Dany Cage" kannt huet, an den Regisseur François Baldassare am Kino "Le Paris" zu Beetebuerg

D’Marie-Paule von Roesgen 2012 bei der Première vun “D'Symmetrie vum Päiperlek” vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer. Lénks den Marc Faber (1952 – 2013) a riets den Norbert Rutili (1944 – 2024)
D'Marie-Paule von Roesgen
ass den 20. November 2024 am Alter vun 93 Joer gestuerwen. Als Marie-Paule Reiser kënnt si den 5. November 1931 zu Lëtzebuerg op d’Welt. De Papp war Affekot an Batonnier an hir Mamm huet sech fir d’Fraerechter agesat. Obschonn si an hiren Studienzäiten mam Theater Kontakt hat, sollt et bis 1977 daueren ier si an “Amerikanesch Zoustänn” vum Guy Rewenig am Theater bekannt gëtt. Si huet an enger Rei Kinofilmer matgespillt, wéi zum Beispill “Déi zwéi vum Bierg”, “Schacko Klak”, “Hochzäitsnuecht”, “D'Symmetrie vum Päiperlek” oder “Rusty Boys”, hire leschte Film. D’Marie-Paul war säit 1954 mam Léo von Roesgen bestuet an hat 6 Kanner.
Link zu hirer Biografie op Wikipedia

D'Geneviève Grad ass den 8. November am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
Hat ass bekannt ginn als Nicole Cruchot, d'Duechter vum Maréchal des Logis-Chef Ludovic Cruchot, alias Louis De Funès, an der Serie vun den "Le Gendarme de St. Tropez"-Filmer.
Hat ass den 5. Juli 1944 zu Paräis op d'Welt komm.
Hei den LINK op seng Biografie op Wikipedia.
Foto (SNC): D'Geneviève Grad zesummen mam Louis De Funès an "Le Gendarme de St. Tropez"

Hors d’haleine
No enger Rei Kuerzfilmer an Tëleesserien (ënner anerem “Comeback”) konnt den Eric Lamhène säin éischten Film dréien. Samsa Film huet de Film produzéiert. D’Dréibuch huet den Lamhène zesummen mam Rae Lyn Lee geschriwwen, dat och d’Kamerafra vum Film ass.
An den Haaptrollen spillen d’Carla Juri, Véronique Tschanda Beya M'Putu, Luc Schiltz, Sascha Ley, Esperanza Martin González-Quevedo, Alessia Raschella an Nicolas Lech.
Hai gëtt d’Geschicht vum Emma erzielt, dat säin gereegelt Liewen muss fir en Heem fir Fraen opginn. Hei léiert hatt eng Rei ënnerschiddlech Frae kennen. An d’Emma sëtzt alles drun, datt si de Kampf net opginn, fir hir Dignitéit nees erëm ze kréien.
“Hors d’haleine” kënnt den 13. November an eis Kinoen. Den engleschen Titel ass iwwregens “Breathing Underwater”.
Fotoen:
* Eric Lamhène an Rae Lyn Lee



Marianengraben
Dëst ass dem Eileen Byrne säin éischten Film. Si huet als Script Supervisor am Kino ugefaangen, Dréibicher matgeschriwwen an duerno eng Rei Kuerzfilmer gedréit. 2021 war si beim Lëtzebuerger Filmpräis fir hire Film “Was bleibt” nominéiert. “Marianengraben” ass hiren éischten Film, deen vun Samsa Film coproduzéiert gouf. Hei e Link zu hirer Homepage: https://www.eileen-byrne.com.
De Film kënnt den 23. Oktober an d'Kinoen.
D'Kritik ass op der Säit "Film(er) vun der Woch.
E puer Fotoen vun der Avant-Première den 11. Oktober am Utopia:
Vu lénks no riets:
* Eileen Byrne
* Luna Wedler
* Eileen Byrne, Luna Wedler an William (Willie) Vonnemann
* De Produzent Bernard Michaux





ScreenX
ass e neit Panorama-Film-Format mat enger 270 Grad Projektioun. Dat bedeit, datt 3 Ecranen am Kino ubruecht sinn, en vir (déi normal Leinwand) an zwee lénks a riets am Sall. D’Projektioun erfollegt iwwer 3 Projekteren. 2012 huet d’Firma CJ 4DPLEX dësen Format an d’Kinoe bruecht, déi selwecht déi och den 4DX entwéckelt hunn. Momentan gëtt et dësen Format an bal 400 Kinoen an 37 Länner.
De gréissten Erfolleg war bis elo de Film TOP GUN: MAVERICK.
Den 2. Oktober war de Start am Kinepolis Belval (Sall 3) mat JOKER: FOLIE A DEUX vum Todd Phillips. Den Joaquin Phoenix spillt fir d’zweet den Arthur Fleck, deen als Joker de Géigespiller vum Batman gëtt. Den Arthur ass an enger psychiatrescher Anstalt, wou hien d’Harleen “Lee” Quinzel kënneléiert, gespillt vun der Sängerin Lady Gaga. Si verléiwen sech aneneen an hir Relatioun kann een als déidlech beschreiwen.
De Fernand Fox ass dout
Den 23. September 2024 stierft den lëtzebuergeschen Schauspiller Fernand Fox am Alter vun 90 Joer. De Fernand kënnt den 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck op d’Welt. Am Laf vun sengem Liewen war hien Wiert – de Café ”Theaterstuff” huet hien an den 1980er Joren opgemaach -, Theater- a Kinoschauspiller an hien war bekannt fir d’Reklammen am lëtzebuergeschen Fernsee – erënnert sief just un seng Spoten mam Marc Olinger fir d’Assurance La Luxembourgeoise.
D’Désirée Nosbusch huet 2014 de flotten Dokumentarfilm “Succès Fox” iwwert de Fernand gedréit.
Hei de Link op seng Biografie op Wikipedia.
De Fernand Fox an d'Désirée Nosbusch bei der Première vun "Succès Fox" den 2. Mäerz 2014
