Well momentan eng Woch Vakanz ugesot ass, kommen déi nächst Kritiken réichten an der Woch vum 1. Juni eraus. Merci fir äert Versteesdemech!
Fotoen (Disney +):
* Den Mando an säi Léierbouf Grogu
* De Colonel Ward dirigéiert d'New Republic
* De klengen Grogu ass en zimmlech Verfroossenen
Star Wars: The Mandalorian and Grogu
E neien an léiwe Personnage, de Grogu
Regie: Jon Favreau (USA)
Mat: Pedro Pascal, Sigourney Weaver, Jeremy Allen White, Jonny Coyne
Dauer: 132 Minutten
Bewäertung: 4,0
2019 ass mat “Star Wars: Episode IX – The Rise of Skywalker” de leschten offiziellen Star-Wars-Film an d’Kinoe komm. Mee virdrun goufen et awer Filmer, déi am Universum vun dem Star Wars gespillt hunn: “Rogue One: A Star Wars Story” (2016) an “Solo: A Star Wars Story” (2018). Elo kënnt dann e neien Film aus dësem Universum an d’Kinoen, “Star Wars: The Mandalorian and Grogu”, deen u sech d’Fortsetzung vun der Tëlees-Serie “The Mandalorian” ass.
Den Mandalorian (Pedro Pascal), kuerz Mando genannt, kämpft géint d’Iwwerliewent vum Empire, datt versicht sech nees ze positionéieren. Hien huet op senger Säit de kléngen séissen Grogu, deen aus der selwechter Spezies staamt wéi den Yoda. Op där anerer Säit ass et d’New Republic, ënnert der Leedung vum Colonel Ward (Sigourney Weaver), déi fir dat Gutt am Universum stinn. Den Mando soll elo den Rotta the Hutt (Jeremy Allen White) befreien, deen entféiert gouf. Als Géigeleeschtung sollen dem Rotta säi Monni an Tatta wichteg Informatiounen iwwer den Janu Coin (Jonny Coyne) verroden, deen mam Empire ënnert enger Decken stécht.
Méi soll elo net verrode ginn, well soss huet een als Zuschauer kee Spaass méi. Et bleift awer ze soen, datt déi neien Star-Wars-Film technesch perfekt gemaach ass an dat d’Spannung grouss geschriwwe gëtt, wéi och d’Action-Zeenen. Natierlech gëtt et och de Genre-üblech Iwwerdreiwungen, mee dorunner huet een sech scho gewinnt. Ganz séiss ass iwwerdeems de Grogu, deen och fir munch Iwwerraschung suergt. D’Fans vun Star Wars wäerten de Film net verpassen an all aner Zuschauer sollten sech en eigentlech och ukucke goen.
Fotoen (Diaphana):
* D'Attraktioun vum Titus
* D'Suzanne gëtt zu engem Fake Medium
* Den Antoine trauert dem Irène no
* D'Irène an den Armand
La Vénus électrique
E Fake-Medium an e Moler
Regie: Pierre Salvadori (Frankräich, Belsch)
Mat: Anaïs Demoustier, Pio Marmaï, Vimala Pons, Gilles Lellouche, Gustave Kervern, Madeleine Baudot
Dauer: 122 Minutten
Bewäertung: 3,0
Zu Paräis an den 1920er Joren ass d’“Foire du Trône” e Maart a Kiermes mat villen Attraktiounen, déi d’Leit amuséieren, awer och an der deemoleger Zäit erstaunen. D’”Venus Electrificata” vum Titus (Gustave Kervern) ass esou eng speziell Show, wou en Fra, d’Suzanne (Anaïs Demoustier), sech géint d’Bezuelen vun 30 Sou vu Männer kësse léisst. Wärenddeem gëtt hat ënner Stroum gesat an elektrifizéiert esou d’Männer. Owes schläicht hat sech an d’Caravane vum Medium Claudia (Caroline Gay), wéi do en verzweiwelte Mann, den Antoine (Pio Marmaï), optaucht, deen onbedéngt Kontakt mat senger verstuerwener Frëndin Irène (Vimala Pons) wëll ophuelen. D’Suzanne gëtt sech Méi an den Antoine freet hat, fir erëm ze kommen. D’Suzanne, nodeem den Antoine vill Suen bezuelt huet, gëtt him awer Rendez-vous bei him doheem. Esou kënnt et, datt hat och d’Bekannschaft vum Galerist Armand (Gilles Lellouche) mécht, deen mierkt, datt dës Seancen dem Antoine gutt doen, an datt hien nees moolt. Am Haus vum Antoine entdeckt d’Suzanne d’Tagebicher vum Irène an da gëtt och d’Geschicht vun deenen zwee op der Leinwand erzielt.
Et ass keng absolut eenzegaarteg Geschicht, déi hei erzielt gëtt – de Film huet iwwregens den Festival vu Cannes 2026 opgemaach huet -, méi si ass interessant a mat villen onerwaarten Situatiounen gefëllt. Et leit och eng gewësse Stëmmung op dem Ganzen, déi d’Atmosphär vun der Zäit erëm gëtt. D'Anaïs Demoustier spillt dës Fra mat ganz vill Nuancen, déi all hier Beweeg-Grënn ënnersträichen, vun der Fra, déi eigentlech nëmme Suen wollt verdéngen, mee sech dann op dem Antoine seng Problemer aléisst an him hëlleft. Ganz gutt ass och den Pio Marmaï als Mann, deen un Geeschter gleeft, awer lues nees op de Buedem vun der Realitéit zeréck kënnt. De Film vum Pierre Salvadori kann een sech dowéints ukucke goen.
Fotoen (Amazon MGM):
* Den George fiddert d'Wanter-Schof
* Den Polizist Tim ass am Endeffekt net esou domm
* Eng ganz Häerd Detektiven
The Sheep Detectives
Witzeg, originell an emotional
Regie: Kyle Balda (USA, England), no dem Leonie Swann sengem Roman “Three Bags Full: A Sheep Detective Story”
Mat: Hugh Jackman, Nicholas Braun, Nicholas Galitzine, Molly Gordon, Emma Thompson
Dauer: 109 Minutten
Bewäertung: 4,0
Dem George (Hugh Jackman) seng Schof lauschteren ganz gespaant sengen Detektiv-Geschichte no, déi hien hinnen all Owes virliest. Wann hien sech dann an senger Karawann zeréck gezunn huet, fänken si un ze schwätzen. D’Haapt-Schof sinn d’Lily, de Mopple an den Sebastian. Deen aneren Dag ass den George dout. A wéi et schéint ass hien ermort ginn. Den bauzegen Duerf-Polizist Tim Derry (Nicholas Braun) muss elo all seng Gehier-Zellen a Beweegung sëtzen, fir den Täter ze fannen. Dann tauchen och nach e Reporter op, den Elliot Matthews (Nicholas Galitzine), d’Rebecca Hampstead (Molly Gordon), datt vir gëtt, dem George seng Duechter ze sinn, an d’Lydia Harbottle (Emma Thompson), d’Affekotin vum George. Och am Duerf sinn eng Rei Leit, déi als Täter a Fro géife kommen: de Reverend Hillcoate (Kobna Holdbrook-Smith), de Metzler Ham (Conleth Hill) oder den Schäfer Caleb (Tosin Cole). Mee och d’Schof maachen sech op d’Sich no dem Mäerder. Schliisslech hunn si jo vill Reiber-Geschichte héieren a kennen all Finessen vun engem Detektiv.
Selten huet een e Film gesinn, deen wierklech originell ass, an zugläich spannend, witzeg an och nach mat e puer emotionale Momenter. D’Trick-Aarbechten sinn einfach perfekt, esou datt d’Schauspiller et net einfach hunn! De Film mécht einfach Spaass a bitt eng Rei Iwwerraschungen. Dofir sinn dës wolleg Detektiven net ze verpassen.
Fotoen (Tandem Distribution):
* D'Clémence an säi Mann Laurent
* Endlech kann d'Clémence de Paul neess léif drécken
* E Moment Gléck: d'Clémence an de Paul
Love Me Tender
Suergerecht-Sträit
Regie: Anna Cazenave Cambet (Frankräich), no dem Roman vum Constance Debré
Mat: Vicky Krieps, Antoine Reinartz, Viggo Ferreira-Redier, Monia Chokri, Féodor Atkine
Dauer: 133 Minutten
Bewäertung: 2,0
No “Went Up the Hill” (2024; Regie: Samuel Van Grinsven) an “Hot Milk” (2025; Regie: Rebecca Lenkiewicz) spillt d’Vicky Krieps an “Love Me Tender” nees eng lesbesch Fra. Hei ass d’Vicky d’Clémence, wat mam Laurent (Antoine Reinartz) bestuet ass, e Bouf, de Paul (Viggo Ferreira-Redier), huet, mee séit enger Zäit getrennt lieft an elo e Faibel fir Fraen entwéckelt huet. Hatt a säi Mann deelen sech d’Suergerecht fir den Paul. De Laurent weess vun der neier Virléift vum Clémence, mee e bemol well hien eleng d’Recht hunn, fir de Paul opzekommen. Et kënnt zu engem laangen Rechtssträit. D’Clémence huet iwwerdeems eng Relatioun mam Sarah (Monia Chokri).
Wat hei irritéiert, ass d’Tatsaach, datt d’Clémence Affekotin ass, awer de Beruff si gelooss huet, fir Bicher ze schreiwen. Also misst hatt sech beschtens mam Gesetz auskennen an sech net vu sengem Mann an de Affekoten virféiere loossen. Mee datt ass net de Fall. D’Clémence geet all Dag schwammen an huet dann kuerz Affären mat anere Fraen an den Vestiären. Richteg novollzéien kann een seng Suergen fir de Bouf dofir net direkt. De Sträit zitt sech iwwer laang Méint, ier hatt de Paul nees a sengem Aarm kann halen an och nëmmen ënner Opsiicht. Och wann d’Vicky seng Roll iwwerzeegend spillt, genau wéi de klengen Viggo Ferreira-Redier, sinn et vill Zeenen, déi der Geschicht näischt bréngen an de Film an d’Längt zéien.
Fotoen (Studio TF1):
* D'Fanny ass glécklech mat sengem Mann, och ouni Orgasmus
* D'Victoria (lénks) gëtt hiren Patientinnen gutt Tips, fir endlech zum Héichpunkt ze kommen
Pour le plaisir
Sex-Spillsaachen sollen hëllefen
Regie: Reem Kherici
Mat: Alexandra Lamy, François Cluzet, Reem Kherici, Delphine Baril, Kyan Khojandi, Camille Aumont Carnel
Dauer: 89 Minutten
Bewäertung: 3,0
No 20 Joer Bestietnis mam Tom (François Cluzet), en Ingenieur am Chômage, gesteet d’Fanny (Alexandra Lamy) hirer Sex-Therapeutin Victoria (Reem Kherici), datt hatt nach ni en Orgasmus hat. Vill gutt Rotschléi hëllefen awer net, an hatt muss mat sengem Mann schwätzen. Dësen fält aus alle Wolleken a mécht sech Virwërf, net op der Héicht gewiescht ze sinn an och, datt hien ni gemierkt huet, datt d’Fanny nëmmen simuléiert. Him kënnt dann d’Iddi, senger Fra eng Sex-Spillsaach ze bauen, schliisslech ass hien jo Ingenieur, déi hir endlech den gewënschten Héichpunkt bréngen kann.
De Film baséiert op der Geschicht vun der däitscher Koppel Michael an Brigitte Lenke, déi 2012 mam “Womanizer” e revolutionären Vibrator erfonnt hunn. Am Ufank ass de Film relativ witzeg, wéi d’Fanny versicht hire Problem ze explizéieren an eng Léisung ze fannen. Esou freet hatt mat seng Schwëster Pauline (Delphine Baril) em Rot oder besicht e Swinger-Klub am Tom. Mee näischt bréngt eppes. Den Deel, wou den Tom dann experimentéiert ass manner witzeg. Et vermësst een virun allem de mënschlechen Aspekt vum Orgasmus-kréien, also datt d’Koppel versicht de Problem ënner sech am Bett ze léisen, ouni Sex-Spillsaachen, mee mat kierperlecher Léift. D’Thematik ass u sech interessant genuch, fir de Wee an de Kino ze riskéieren.
Fotoen (20th Century Fox):
* Den Trio vun "Runway": Andy, Miranda an Nigel
* D'Emily ass elo bei DIOR
* D'Miranda an d'Andy
The Devil Wears Prada 2
20 Joer méi spéit
Regie: David Frankel (USA)
Mat: Meryl Streep, Ann Hathaway, Emily Blunt, Stanley Tucci, Justin Theroux, Kenneth Branagh, Tracie Thoms, Simone Ashley
Dauer: 119 Minutten
Bewäertung: 3,0
Just wéi d’Andy Sachs (Ann Hathaway) e Präis als beschten Journalistin entgéint soll huelen, gëtt hatt, wéi och nach aner Mataarbechter per SMS entlooss. Hatt huet allerdéngs Chance, well den Irv Ravitz (Tibor Feldman), den CEO vun “Runway”, bitt him eng Plaz als Chefredactrice bei der renomméierter Mouden-Zäitschrëft un. Esou gesäit hatt no 20 Joer seng al Cheffin Miranda Priestly (Meryl Streep) an den Nigel (Stanley Tucci) erëm. Just kann d’Miranda sech net méi un hatt erënneren. Seng éischt Aufgab ass et, e Feeltrëtt vum Miranda nees riicht ze béien. An dobäi trëfft hatt op d’Emily (Emily Blunt), och eng fréier Mataarbechterin, déi elo bei DIOR schafft. Méi alles wat gutt war, ass et elo am neien medialen Zäitalter net méi.
Et muss een net onbedéngt den éischten Deel gesinn hunn, fir dës Fortsetzung ze verstoen. Den David Frankel huet och schonn den éischte Film gedréit. Am Ufank feelt dem Film eng Richtlinn an esou deet een sech schwéier, un den eenzel Figuren an hir Charaktereegenschaften ze gleewen. Wéi allerdéngs alles kloer ass an et sech erausschielt, datt “Runway” soll verkaaft ginn, kréien d'Haaptfiguren endlech déi néideg Glafwierdegkeet an Sympathie. D’Meryl Streep ass wierklech gutt an der Roll vun där Fra, déi e beemol virum Aus steet, obwuel si ëmmer mat Läif a Séil fir hir Zäitschrëft – elo zwar haaptsächlech en digitalen Magazine - do ass. A villen Niewerollen spillen bekannten Models an och d’Lady Gaga ass ze gesinn. Si sengt “Shape of a Woman” op enger Moude-Show zu Mailand. Si huet nach 2 weider Lidder fir de Film komponéiert: “Runway” (si sengt et zesummen mam Doecchii) an “Glamorous Life”.
Fotoen (Lionsgate):
* De Michael wëll seng eegen Iddien duerschsetzen
* D'Jackson 5
* De Michael als Zombie am legendären Video-Clip zu "Thriller"
Michael
Richteg gutt Biografie
Regie: Antoine Fuqua (USA)
Mat: Jaafar Jackson, Colman Domingo, Nia Long, Miles Teller, Juliano Valdi
Dauer: 127 Minutten
Bewäertung: 4,0
1966 ass den Joseph Jackson (Colman Domingo) besiess, aus sengen 5 Bouwen eng bekannten Gesangs-Grupp ze maachen. Den Haaptsänger vun den Jackson 5 ass den 8 Joer alen Michael (Juliano Valdi). Egal wou si optrieden ass den Michael den Libling vum Publikum. Mee de Papp ass streng an de klengen Michael kritt bei all Rebellioun den Rimm ze spieren, wat der Mamm Kate (Nia Long) net gefält, mee si kann sech dem Joseph net widdersetzen. Zäit vergeet an de Michael (elo den Jaafar Jackson) well sech vum Papp trennen. Hien fënnt am John Branca (Miles Teller) e kompetenten Manager a steet schnell op eegene Been. Mee de Papp ass besiess vun der Iddi vun den Jackson 5.
Den Regisseur Antoine Fuqua ass virun allem bekannt duerch eng Rei Action-Filmer, wéi déi 3 “The Equalizer”-Filmer. Mat “Michael” huet hien eng gelongen Biografie gedréit, iwwer een vun den gréissten Sänger vun allen Zäiten, de Michael Jackson. Ausseruerdentlech Opnamen vun den deels nogestallten Concerten sinn d’Héichpunkter am Film, mat genausou flotten Choreografien, no den original Dänz. D’Liewen vum Michael vun den Ufäng als Jackson-5-Sänger bis zum Superstar gëtt relativ gutt erzielt. Dem Jaafar Jackson säi Papp ass den Jermaine Jackson, dem Michael säi Brudder. Hien spillt säin Monni op eng beandrockend Aart a Weis, virun allem an den Danz-Zeenen. Mat dem Michael senge Lidder ginn Erënnerungen waakreg an et fillt een sech an der Zäit zeréck versat. An et kënnt nach en zweeten Deel no. Den éischten endegt 1988. An am Film feelt dem Michael seng jéngste Schwëster Janet.
Fotoen (Alamode Film):
* D'Derya an den Aziz
* Den Aziz viru Geriicht
*D'Derya am Stéck vun hirem Mann
Sarı Zarflar
(Gelbe Briefe - Yellow Letters)
Zimmlech iwwerflächlech
Regie: İlker Çatak (Däitschland, Frankräich, Tierkei)
Mat: Özgü Namal, Tansu Biçer, Leyla Smyrna Cabas, İpek Bilgin
Dauer: 108 Minutten
Bewäertung: 2,0
Zu Ankara – am Film ass dat Berlin – gëtt en Theaterstéck vum Aziz (Tansu Biçer) opgefouert, an deem seng Fra Derya (Özgü Namal) matspillt. Den Aziz ass Professer op enger lokaler Uni. An der Stad fannen Protester statt a wéi den Aziz a säi Cours kënnt, feelen eng Rei Studenten - wat hien enseignéiert, gëtt net gesot. Wéi hien si freet, firwat si net protestéieren sinn, ginn der schliisslech nach e puer fort. E bësse méi spéit kritt den Aziz e giele Bréif, deen bedeit, datt hien entlooss ginn ass, wéi och nach weider Kolleegen. D’Argumenter sinn ganz komesch a net wierklech stéchhalteg. Och d’Derya gëtt kuerz drop am Theater entlooss an d’Stéck ofgesat. Well elo Sue feelen, zéien si mat hirer Duechter Ezgi (Leyla Smyrna Cabas) bei dem Aziz seng Mamm Güngör (İpek Bilgin) op Istanbul ëm – dat ass dann Hamburg. Hei versichen si e neit Liewen opzebauen a waarden iwwerdeem op de Prozess zu Ankara.
Alt scho nees verlaangt e Regisseur – den İlker Çatak konnt e grousse Succès mat “Das Lehrerzimmer” feieren -, datt d’Zuschauer alles wëssen, wat net gesot oder nëmmen ugedeit gëtt, wéi hei déi politesch Situatioun an der Tierkei. Et gi keng konkret Uschëllegungen, alles bleift vag an och konfus. Zudeem gëtt ganz vill geschwat – Türkesch – an d’Liesen vun den Ënnertitelen verlaangt Konzentratioun. Sou schleeft sech d’Geschicht ouni nennenswäert Momenter, déi interesséiere kéinten an déi d’Zuschauer um Schicksal vun der Famille deelhuele loossen. De Film huet zu Berlin de Gëllene Bier gewonnen.
Fotoen (Warner Bros.):
* D'Katie kënnt zeréck aus der Welt vun den Doudegen
* Den Charlie versicht erauszefannen, wat mam Katie geschitt ass
* D'Lari, de Seb, d'Maud an den Charlie
Lee Cronin’s The Mummy
E Meedchen gëtt zu enger Mumie
Regie: Lee Cronin (USA)
Mat: Jack Reynor, Laia Costa, May Calamawy, Natalie Grace, Emily Mitchell, Verónica Falcón
Dauer: 134 Minutten
Bewäertung: 2,0
Den alleréischten Film mat enger Mumie als Star war “The Mummy” (1932) vum Karl Freund. Den Boris Karloff war dës Mumie, alias den Héichpriister Imhotep. Den ireschen Regisseur Lee Cronin huet elo eng nei Versioun vum Mythos vun der Mumie, déi nees lieweg gëtt, gedréit an de Film, fir en vun deenen aneren ze ënnerscheeden, “Lee Cronin’s The Mummy” genannt.
Zu Kairo verschwent d’Katie (Emily Mitchell), d’Meedchen vun der Infirmière Lari (Laia Costa) an dem Tëlees-Reporter Charlie Cannon (Jack Reynor). Eng Zauberin (Hayat Kamille) huet hatt entféiert. D’Police ass zimmlech machtlos a just d’Polizistin Dalia Zaki (May Calamawy) versicht ze hëllefen. D’Famille Canon reest zeréck an Amerika mat hiren zwee aneren Kanner dem Seb (Shylo Molina) an dem Maud (Billie Roy) an 8 Joer méi spéit kritt si d’Nouvelle, datt d’Katie (elo d’Natalie Grace) an engem Sarkophage fonnt ginn ass an nach lieft. Hatt ass komplett entstallt, mee gesond. Si huelen hatt mat an d’States, wou d’Katie dann ufänkt, ganz gelungen Saachen unzestellen, besonnesch mat der Bom Carmen (Verónica Falcón).
Subtil Grujel-Momenter bleiwen awer aus an et sinn virun allem bluddeg Zeenen, déi dominéieren, wou och nach déi eng oder aner originell Iddi ze fannen ass. Mee wierklech innovativ oder nervenzerräissend ass dem Cronin säi Film net. En ass wuel gutt gemaach, gutt gespillt an esou kënnt dann och e bëssen Spannung op a wäert d’Fans vum Genre bei Laun halen.
Fotoen (A24):
* D'Emma am Hochzäitskleed
* D'Emma an den Charlie
* De Mike an d'Rachel
The Drama
Et gëtt Saachen, déi soll een fir sech behalen
Regie: Kristoffer Borgli (USA)
Mat: Zendaya, Robert Pattinson, Alana Haim, Mamoudou Athie
Dauer: 106 Minutten
Bewäertung: 2,0
Den norwegeschen Regisseur Kristoffer Borgli huet mat “The Drama” op mannst en stilistesch interessante Film gedréit. Ëmmer nees geet hien mat Flashbacken zeréck an senger Erzielung an hien benotzt dofir gär Jumpcuts, also kuerz Schnëtter. Mee eppes dierf een als Kritiker net: den wichtegsten Punkt aus der Geschicht verroden.
Den Charlie (Robert Pattinson) verknallt sech op den éischten Bléck an d’Emma (Zendaya), datt hien an engem Coffee-Shop kenne léiert. Schnell gëtt decidéiert, sech ze bestueden. Hir Frënn Rachel (Alana Haim) an Mike (Mamoudou Athie), déi mateneen bestuet sinn, sollen dobäi hëllefen. Owes setzen si zesummen an e beemol soll jiddereen eppes Schlëmmes erzielen, wat hien oder hatt gemaach huet. Esou kënnt et, datt d’Emma dovunner schwätzt, datt hatt eppes wollt maachen, awer et schlussendlech si gelooss huet. An dorauser entwéckelt sech dann en Drama, mat der Apotheos op der Hochzäit.
Schéint d’Geschicht mam Emma sengem Geheimnis interessant ze ginn, dauert dat awer nëmmen e kuerze Moment, well den Regisseur näischt Aussergewéinleches dorauser mécht, wéi z. B. d’Emma zu enger Psychopathin ginn ze loossen, och wann dës Variant interessant gewiescht wier. D’Moral ass éischter, datt wann een näischt weess, hält een de Mond oder et schalt een Gehier fir d’éischt an, iwwerleet an dann kann een eppes soen.
Fotoen (Cinéart):
* D'Corinne a säi Papp
* Den Otto Abetz
* De Jean kritt de Prozess gemaach
Les Rayons et les Ombres
D’Facetten vun der Collaboratioun
Regie: Xavier Giannoli (Frankräich)
Mat: Jean Dujardin, Nastya Golubeva, August Diehl, Olivier Chantreau, Anna Próchniak, Lucile Vignolles, Valeriu Andriuta
Dauer: 195 Minutten
Bewäertung: 3,0
D’Geschicht, déi op realen Begebenheeten baséiert, gëtt 1948 vum Corinne Luchaire (Nastya Golubeva) erzielt. An den 1920er Joren sinn säi Papp Jean (Jean Dujardin) an den Däitschen Otto Abetz (August Diehl) gutt Frënn, déi sech fir déi däitsch-franséisch Frëndschaft asetzen, eng Relatioun, déi duerch den 1. Weltkrich net méi déi Bescht ass. Weder den Otto, nach den Jean sinn no 1933 vum Nazi-Regime ugezunn. Den Otto gëtt allerdéngs aus Frankräich ausgewisen, mee kënnt 1940 als däitschen Ambassadeur zeréck op Paräis. D’Corinne versicht sech als Schauspillerin a kann an hirer éischter Roll am Film “Prison sans barreaux” ënnert der Regie vum Léonide Moguy (Valeriu Andriuta) iwwerzeegen. Den Jean, deen Journaliste ass, versicht no enger Faillite eng nei Zeitung eraus ze bréngen, wat him mat der Ënnerstëtzung vum Otto geléngt. Engersäits hëlleft de Jean Leit mat Identitéitskaarten, déi den Otto him ausstellt, an dat net besaten Frankräich ze reesen. Anerersäits soll de Jean den Lieser d’Politik vun den Däitschen erklären, besonnesch d’Moossnamen géintiwwer de Judden.
Esou gëtt et dann hei e puer Facetten vun der Collaboratioun. Souwuel hëllefen Fransousen hire Landsleit, anerer och den Nazien. An Leit wéi den Otto, deen hëlleft och de Franzousen, awer och sech selwer, virun allem mat finanziellen Mëttelen, déi beschlagnaamt goufen. U sech ass déi ganz Geschicht interessant, awer mat enger Lafzäit vun 195 Minutten ze laang. Vill Saachen repetéieren sech oder droen näischt zu der Dramatik bäi. D’Nastya Golubeva spillt op eng ganz iwwerzeegend Aart a Weis dës gefale Fra, déi och nach vum Papp Tuberkulos geierft huet. Bleift awer e Film, deen ee ka kucke goen.
Fotoen (Bankside Films):
* Den John huet am Dottie eng wichteg Hëllef fonnt
* Mat senger Mamm geet den John akafen
* Och den Tommy huet Verständnis fir dem John seng Krankheet
I Swear
Den Tourette-Syndrom verstoen
Regie: Kirk Jones (UK)
Mat: Robert Aramayo, Scott Ellis Watson, Shirley Henderson, Maxine Peake, Francesco Piacentini-Smith, Peter Mullan
Dauer: 120 Minutten
Bewäertung: 4,0
Den Gilles-de-la-Tourette-Syndrom, kuerz Tourette-Syndrom, ass eng ugebueren Erkrankung vum Nervesystem, déi am Kandheetsalter ausbrieche kann an net heelbar ass. Am Film “I Swear” fänkt den 12 Joer alen John Davidson (Scott Ellis Watson) un Grimassen ze schneiden an komesch Wieder ze soen, déi souguer obszöne Charakter hunn. Seng Mamm (Shirley Henderson) mengt hien géif de Geck maachen, mee seng Situatioun ass eescht. An der Schoul gëtt hien gemobbt an muss Streech vun sengen Klassekomeroden astiechen. Als Erwuessenen (Robert Aramayo) wunnt hien nach ëmmer bei der Mamm a muss reegelméisseg Pëllen huelen. Hien begéint engem fréieren Klassekomerod, dem Murray (Francesco Piacentini-Smith). Dem seng Mamm, d’Dottie (Maxine Peake), soll Kriibs hunn. Well si Infirmière an enger psychiatrescher Klinik war, huet si eng ganz aner Approche zum John senger Krankheet a well, datt de John bei hirer Famille wunne bleift. Dem John seng Mamm ass domadder d’accord. Fir d’éischt soll den John vun den Pëllen ewech kommen. An effektiv geet et dem John ëmmer besser a hien fënnt esouguer eng Aarbecht an engem Gemeinschafts-Zentrum, wou den Tommy (Peter Mullan) hien a senger Aarbecht uléiert.
Dem Regisseur Jones (“Waking Ned Devine”, “Nanny McPhee”) ass en ausseruerdentlech gudde Film gelongen, deen weist wéi eng Krankheet d’Liewen vun engem Bouf a senger Famille duerch eneen bréngt a wéi d’Gesellschaft op eppes Onbekanntes reagéiert. Et ginn eng Rei Situatiounen, wou virun allem d’Sprooch vum John fir Laache suergt – besonnesch mam “F”-Wuert. Mee u sech ass et net fir ze laachen, well den John kann net dofir. Seng Krankheet ass schlëmm, well se hien aus der Gesellschaft ausschléisst. Eréischt mat der Hëllef vum Dottie gëtt seng Situatioun besser an hien kann spéider Schoulklassen, d’Police (jo!) an weider Associatiounen iwwer seng Krankheet opklären. De Film, deen fir Toleranz géint iwwer enger ganz eegenaarteger Krankheet steet, a fir datt ee versicht, de Syndrom ze verstoen, dierf ee net verpassen.
De Film huet op der Spring Edition 2026 vum British & Irish Film Festival de Präis vun der Press krut.
Fotoen (Amazon MGM Studios):
* Den Grace muss eléng eens ginn
* Op geféierlecher Missioun ausserhalb vum Raumschëff
* Den Grace an den Rocky
Project Hail Mary
En deels interessanten Science-Fiction-Film
Regie: Phil Lord an Chris Miller (USA), nom Roman vum Andy Weir
Mat: Ryan Gosling, Sandra Hüller, James Ortiz (Stëmm an Animatioun vum Rocky), Lionel Boyce, Ken Leung, Milana Vayntrub, Priya Kansara (Stëmm vum Bordcomputer)
Dauer: 156 Minutten
Bewäertung: 3,0
De Molekularbiolog Ryland Grace (Ryan Gosling) erwächt aus engem Déifschlof um Raumschëff Hail Mary. Hien kann sech u näischt erënneren an entdeckt d’Läichen vun zwee aneren Astronauten. Ganz eleng versicht hien eraus ze fannen, wat hien hei mécht. Virun circa 10 Joer ass eng Linn tëscht der Sonn an der Venus entdeckt ginn, déi d’Wëssenschaftler Petrova-Linn genannt hunn an déi aus Astrophagen besteet, déi der Sonn hir Energie entzéien an dës wäerten an e puer Joer zerstéieren, wéi dann och d’Äerd. D’ Eva Stratt (Sandra Hüller) kontaktéiert den Grace an widderwëlleg mécht hien sech op d’Sich no den Ursaachen. Hien fënnt eraus, datt d’Astrophagen lieweg sinn an CO2 brauchen. Och aner Sonnen am All sinn vun der Zerstéierung bedrot, ausser der Sonn Tau Ceti, déi 11 Liichtjoren ewech ass. Lo soll e Raumschëff dohinner fléien an d’Crew soll eraus fannen, firwat dës Sonn net ugegraff gëtt. An der Géigend vun Tau Ceti taucht en ausserierdescht Raumschëff op. Kuerz drop kënnt et zum Kontakt. U Bord vun dem aneren Schëff ass en 5-beenegt spannenänlecht Wiesen, datt komesch Geräischer vu sech gëtt. Mee no kuerzer Zäit kënnen Grace a Rocky – esou nennt den Grace den E.T. – mat e neen schwätzen a sichen zesummen no der Léisung vum Problem.
Interessant ass hei déi speziell Frëndschaft tëscht dem Mënsch an dem Ausserierdeschen. Den Rocky muss an enger Bull op d’Hail Mary goen, well hien kee Sauerstoff verdréit. Déi zwee verstinn sech immens gutt a fannen och eraus, wat de Problem kéint léisen. De Rocky léiert iwwerdeems och, wat et alles op der Äerd gëtt. Dat Ganzt muss een dann esou akzeptéieren, soss verfeelt de Fill säin Ziel. Et gëtt zumindest eng Zeen, déi alles aneschters als logesch ass an déi de Rocky net konnt eleng meeschteren – méi soll awer net verrode ginn. Eng Rei Zeenen sinn ganz spannend, anerer witzeg an esouguer emotional. Dohier kann een sech dësen SF-Film ukucke goen.
Fotoen (Focus Features):
* Et war Léift op den éischte Bléck: d'Agnes an de William
* Fra a Kanner sinn fir de Will alles
* D'Kanner spillen Theater
Hamnet
Wéi “Hamlet” entstanen ass
Regie: Chloé Zhao (USA), nom Roman vum Maggie O’Farrell
Mat: Paul Mescal, Jessie Buckley, Emily Watson, David Wilmot, Bodhi Rae Breathnach, Olivia Lynes, Jacobi Jupe
Dauer: 126 Minutten
Bewäertung: 3,0
Komesch ass hei, datt ee just weess, datt de Film, deen mam Golden Globe als bescht Filmdrama ausgezeechent gouf, an England spillt. En Latäin-Enseignant (Paul Mescal) bréngt de Kanner an engem Duerf Latäin bäi. Am Trailer ass awer vun engem gewëssen William Skakespeare riets. Et ass och de William, just datt ee 90 Minutten muss waarden, ier säi Numm am Film genannt gëtt. Do freet een sech firwat! Jiddwerfalls léiert dësen Enseignant eng Fra kennen, déi mat engem Fallek duerch de Bësch sträift. Mee hatt gëtt vum Will gedierängelt, him säi Numm ze soen, wat hatt da beim éischten Kuss mécht. Agnes (Jessie Buckley) heescht si, déi sech an Saache Kraider gutt auskennt. No enger kuerzer Zäit ass d’Agnes schwanger, wat dem Will seng Elteren, d’Mary an den John (Emily Watson an David Wilmot), dozou zwéngt, jo zu engem Bestietnis ze soen. No 9 Méint kënnt e Meedchen op d’Welt, d’Susanna (Bodhi Rae Breathnach), a spéider Zwillingen, e Meedchen, d’Judith (Olivia Lynes), an e Bouf, den Hamnet (Jacobi Jupe). Et gëtt een och gewuer, datt de Will gär schreift an et hien op London zitt. Dann erkrankt d’Judith un der Pescht, mee den Hamnet stierft.
Wier hei net déi intensiv Beschreiwung vun der Famille-Situatioun an engem Ëmfeld, deen visuell der Zäit entsprécht, an déi formidabel Interpretatioun vum Jessie Buckley, dat net onverdéngt den Golden Globe gewonnen huet, an de Kanner, dann géif den Interessen ganz schnell verfléien, wann een op eppes Spezielles aus dem Liewen vum engleschen Poet waart. Och wann den Dout vum Hamnet den Will zu sengem Drama “Hamlet” inspiréiert, gëtt dat net weider beliicht. Just zum Schluss ass d’Agnes bei enger Virféierung dobäi a realiséiert, datt den Hamlet den Hamnet ass. Déi chineesesch Regisseurin Chloé Zhao huet 2021 fir “Nomadland” souwuel den Oscar wéi den Golden Globe als beschten Regisseurin gewonnen. Wéinst den Schauspiller an den zäitgeméissen Dekoren kann een sech “Hamnet” ukucken. Vun der Geschicht hier, léisst de Film ze wënschen iwwreg. Aus den zäitlechen Dokumenter geet erwier, datt Agnes de richtegen Virnumm vun der Madamm Skakespeare war an net Anne (Hathaway).
Lëtzebuergesch Filmer
Hei fannt Dir d'Kritiken zu e puer rezenten lëtzebuergesche Filmer
Fotoen (Amour Fou):
* De Georg, d'Hannah an den Karli frënden sech un
* De Karli am Zäit-Lift
* D'Marie Jung spillt dem Karli seng Mamm
Das geheime Stockwerk
E Lift als Zäitmaschinn
Regie: Norbert Lechner (Éisträich, Däitschland, Lëtzebuerg)
Mat: Silas John, Annika Benzin, Maximilian Reinwald, Marie Jung, Oliver Rosskopf, Marc Limpach, André Jung, Maximilian Simonischek
Dauer: 96 Minutten
Bewäertung: 3,0
Zu Bad Gastein sinn d’Susi an den Lucas (Marie Jung an Oliver Rosskopf) am Gaang den Grand Hotel de l’Europe ze renovéieren. Hire Bouf Karli (Silas John) muss mol eng Hand upaken. Wéi hien de Lift hëlt, bleiwen zwou Tasten mateneen hänken an hien kënnt am Joer 1938 eraus, zu enger dramatescher Zäit speziell fir d’Judden. Hien mécht d’Bekannschaft vum Hannah (Annika Benzin), datt mat sengem Papp (Marc Limpach) hei logéiert,a vum Schong-Botzert Georg (Maximilian Reinwald). Den Karli huet guer keng Anung, wat hei ofgeet a freet seng Mamm, déi him just e puer Saache soen kann. Am Internet kann hien och net kucken, well hien kee Netz huet ass. Da gëtt et och nach en fanateschen Nazi, den Otto Hartwig (Maximilian Simonischek), deem seng zwee Bouwen Heinrich (Konstantin Horn) an Hermann (Ben Winkler) genausou sinn. Et stellt sech eraus, datt d’Hannah eng Jüddin ass an hofft mam Papp an Amerika flüchten ze kënnen.
D’Geschicht gëtt esou erzielt, datt och Kanner a Jugendlecher se verstinn, och wann net an all Detail gaange gëtt, an just déi grouss Zich vun der Judde-Verfollgung genannt ginn. Et gëtt eng Rei spannend Momenter, z. B. wéi den Georg verdächtegt gëtt, Geld a Schmuck geklaut ze hunn. Hien muss sech virum Hotel-Direkter (André Jung) rechtfäerdege. Mee den Karli an Hannah sinn op der Sich nom Täter. An et gëtt och e puer mei lëschteg Situatiounen. Insgesamt bitt dës Lëtzebuerger Coproduktioun vun Amour Fou agreabel Ënnerhalung, déi een sech mat der ganzer Famille ka gënnen, an déi d’Geleeënheet gëtt, mat senge Kanner iwwer déi däischter Zäiten vum 2. Weltkrich ka schwätzen.
Fotoen (Deal Productions):
* De Fox, d'One an den Leopard
* Den Dylan huet nëmmen eng kuerz Roll
The Wolf, the Fox and the Leopard
Am Ufank interessant, dann awer ëmmer méi konfus
Regie: David Verbeek (Holland, Irland, Kroatien, Taiwan, Lëtzebuerg – Deal Productions)
Mat: Jessica Reynolds, Lucas Lynggaard Tønnesen, Marie Jung, Nicholas Pinnock, Naomi Kawase
Dauer: 120 Minutten
Bewäertung: 1,0
De Dylan (Lucas Lynggaard Tønnesen) veriert sech an engem Bësch. E beemol gëtt hien vun Wëllef verfollegt. Enner den hongregen Déieren eng jonk Fra (Jessica Reynolds), datt sech wéi e Wollef behëlt. Den Dylan iwwerlieft net an d’Meedchen gëtt agefaangen. An engem Institut gëtt hatt vun dem Tanaka Hana (Naomi Kawase) an anere Wëssenschaftler ënnersicht. D’Geschicht gëtt vum Hana erzielt, datt d’Meedchen Ohkami nennt, wat op Japanesch Wollef bedeit. Amplaz, datt een elo unhëlt, datt ee gewuer gëtt, wéi dëst Meedchen bei de Ruddel Wëllef komm ass, dann iert een sech. D’Ohkami gëtt op eng ofgeleeën an ausrangéiert Buer-Insel bruecht, wou eng Fra, déi sech Fox (Marie Jung) nennt, an e Mann, den Leopard (Nicholas Pinnock), sech ëm hatt këmmeren, dat elo One genannt gëtt. An da fänkt d’Geschicht un, konfus ze ginn, datt een sech freet, wat dann elo lass ass.
Et ass hei e puer mol vum Klima-Wandel an de Follgen riets, méi wat dat mam Wollef an dem ganzen Ëmfeld ze dinn huet, bleift e Rätsel. Genau wéi d’Uspillungen un d’japanesch Mythologie ëm de Wollef. Och wann de Film villverspriechend ufänkt, verléiert sech d’Geschicht an onlogeschen an souguer onerklärlechen Situatiounen.
Fotoen (Tarantula):
* D'Lëila an den Mohamed sinn op der Sich no den wierklech Schëllegen
* De Mohamed ass zu Allem bereet
Exile
Mëssstänn an der Stolindustrie an Tunesien
Regie: Mehdi Hmili (Tunesien, Frankräich, Qatar, Saudi Arabien Lëtzebuerg – Tarantula)
Mat: Ghanem Zrelli, Maram Ben Aziza, Slim Baccar, Younes Ferhi, Fakher Wahchy
Dauer: 127 Minutten
Bewäertung: 2,0
An enger Stol-Fabrik an Tunesien kënnt et zu engem schlëmmen Accident. Een Aarbechter, den Adel (Mohamed Kolsi), stierft a kritt d’Schold um Tëschefall, wou och nach den Mohamed (Ghanem Zrelli) verletzt gëtt. Dësen huet e Stéck Metall an sengem Kierper, dat net eraus operéiert ka ginn. Den Mohamed zweifelt, datt den Adel soll un der Explosioun schëlleg sinn a fänkt un, seng eegen Enquête ze maachen, zesummen mat dem Adel senger Wittfra Lëila (Maram Ben Aziza).
Den Ufank geséit sech interessant un an et hofft een, e kriteschen Film iwwert d’Machenschaften vun den Industriellen ze gesinn, déi um Bord vun der Faillite alles maachen, fir dat Schlëmmst ze verhënneren, egal mat wéi engen Mëttelen. Mee dann entwéckelt den Mohamed onerwaart Fäegkeeten, déi hien och virun engem Mord net zeréck schrecken loossen. Ganz komesch ass och, datt d'Stéck Metall am Mohamed säi ganze Kierper raschten deet. Dat ass schonn irreal an esou kann de Film am Endeffekt net wierklech iwwerzeegen. Den Mehdi Hmili huet 2021 den Film “Streams” schonn emol mat der finanzieller Hëllef vun Tarantula (Donato Rotuno) realiséiert. De Film "Exile" huet seng Lëtzebuerger Première um 16. LuxFilmfest gefeiert.
Fotoen (Les Films Fauves):
* Den Vincent, d'Nour an den Ilyès
* Den Saïd an de Vincent maachen sech Suergen äm déi verschwonnen Mataarbechter
Grand Ciel
Eng konfus Geschicht
Regie: Akihiro Hata (Frankräich, Lëtzebuerg; Les Films Fauves)
Mat: Damien Bonnard, Samir Guesmi, Mouna Soualem, Tudor Aaron Istodor, Sophie Mousel, Hervé Sogne
Dauer: 91 Minutten
Bewäertung: 1,0
De Vincent (Damien Bonnard) lieft mat senger Fra oder Frëndin Nour (Mouna Soualem) an hirem Bouf Ilyès (Zacharia Mezouar) an enger Staat hei vir an der Lorraine. Hien schafft op engem Chantier vun engem neien Wunnkomplex, dem “Grand Ciel”. Wéi e beemol den Ousmane (Issaka Sawadogo ) spuerlos verschwannt, stellen sech den Vincent an de Saïd (Samir Guesmi) Froen. Kuerz drop verschwënnt nach een Aarbechter an si mengen, datt d’Direktioun hannen drun stécht, fir iergendeppes ze vertuschen.
De Probleem um Bau ass eng Alkali-Kiselsaier-Reaktioun (englesch: ASR, wat am Film och als franséisch Ofkierzung benotzt gëtt) am Bëton, och nach Bëton-Kriibs genannt, wat zu Rëss féiert. Awer et ginn keng weider Erklärungen dozou. Och ginn bei dëser Reaktioun keng gëfteg Substanzen fräi gesat, och wann dat am Film ugedeit gëtt. Sou gëtt dann d’Verschwannen a Verbindung mat den Rëss am Bëton gemaach an enger Direktioun, wou net alles konform ass. D’Geschicht déit einfach eppes un, awer de Regisseur vergësst, déi néideg Erklärungen a Beweiser ze liwweren. Den Gilles Chanial huet op Lëtzebuerger Säit fir Les Films Fauves mat produzéiert. D’Sophie Mousel spillt d’Roll vum Delphine an ass net méi wéi eng Minutt ze gesinn, genau wéi den Hervé Sogne.
Fotoen (Red Lion):
* E chaotescht Famillje-Liewen (Uewen a Mëtt)
* Den Bouf an säi Bop (père-grand)
La Cache
Famillje-Liewen
Regie: Lionel Baier (Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg), no dem gläichnamegen Roman vum Christophe Boltanski
Mat: Michel Blanc, Dominique Reymond, William Lebghil, Aurélien Gabrielli, Liliane Rovère, Ethan Chimienti, Larisa Faber, Adrien Barazzone
Dauer: 85 Minutten
Bewäertung: 3,0
Eng Voice-over-Stëmm, déi vum klenge Bouf (Ethan Chimienti), erzielt d’Geschicht, déi am Mee 1968 spillt. An engem groussen Appartement wunnt eng genau esou grouss Famille, där hier Memberen awer keng Nimm hunn, mee “mère-grand” (Dominique Reymond), “père-grand” (Michel Blanc), “grand oncle” (William Lebghil), “petit oncle” (Aurélien Gabrielli) oder “arrière-pays” (Liliane Rovère) heeschen. Dem Bouf seng Elteren gi gespillt vun dem Larisa Faber an Adrien Barazzone. Am Mee 1968 waren d’Studenten-Onrouen zu Paräis. De Bouf erlieft de ganzen Chaos, souwuel an der Famille, wéi dobaussen. An da wier nach eng Katz, déi eleng de Bouf geséit an déi ënnert der Trap an enger Stopp lieft.
Schonn mol d’Iddi, eng Famille ouni Nimm aus der Siicht vun engem 9 Joer ale Bouf ze presentéieren ass originell a virun allem witzeg. De klengen Ethan spillt seng Roll op eng beandrockend Aart a Weis, esou wéi wann hien nach ëmmer am Kino gespillt hätt. Et ass och dem Michel Blanc säin leschte Film. D’Zesummespill vum Bop an dem Enkel suergt fir agreabel Momenter, bis hin zu der Opléisung, wat dann elo ënner der Trapp ass. Eng weider eenzegaarteg Iddi ass, wéi de Generol de Gaulle (Gilles Privat) bei der chaotescher Famille optaucht a verstoppt gëtt. “La Cache” gouf op lëtzebuergescher Säit vun Red Lion mat produzéiert an d’Resultat kann een sech problemlos ukucken.
Six jours, ce printemps-là
Eng net erlaabte Vakanz
Regie: Joachim Lafosse (Frankräich, Belsch, Lëtzebuerg – Samsa Film)
Mat: Eye Haïdara, Jules Waringo, Leonis Pinero Müller, Teoudor Pinero Müller, Emmanuelle Devos, Damien Bonnard
Dauer: 94 Minutten
Bewäertung: 2,0
De belsche Regisseur Joachim Lafosse huet schonn eng Rei Filmer mat Lëtzebuerger Produzenten gedréit, wéi “Un Silence” (2024), “Les intranquilles” (2021) oder “A perdre la raison” (2012). Säin neiste Film “Six jours, ce printemps-là” ass nees eng Co-Produktioun mat Samsa Film an dem Jani Thiltges als Produzent. Dem Samsa-Film-Produzent Claude Waringo säi Bouf Jules spillt hei déi männlech Haaptroll.
D’Sana (Eye Haïdara) fiert mat sengen 2 Bouwen Raphaël an Thomas (d’Zwillingen Leonis an Teoudor Pinero Müller) op Lyon, wou hatt hofft bei sengem Frënd Jules (Waringo) fir d’Dauer vun der Ouschter-Vakanz kënnen ze bleiwen. Mee deen huet Besuch vun senger Schwëster kritt an esou decidéieren si an d’Vakanz-Haus vun den Ex-Schwéierelteren bei St. Tropez ze fueren. Dat wat dann nokënnt ass alles aneschters wéi originell oder iwwerhaapt och nëmmen e bëssen interessant. Esou driibst d’Geschicht vun Moies Kaffi drénken, iwwer op de Strand goen an Owes am Haus iergend eppes maachen hin an hier.
De Lafosse ass mat der Kamera vum Jean-François Hensgens ganz no un sengen Personnagen drun, mee e vergësst, datt den Focus bei all Beweegung Zäit brauch, fir sech nees schaarf ze stellen an esou gëtt et ganz vill onschaarf Biller. Wann een dann d’Schauspiller kuckt, an mol d’Bouwen ewech léisst, déi einfach wéi jonk Kanner agéieren, dann muss een feststellen, datt weder d’Eye Haïdara nach den Jules Waringo eppes Extraes leeschten. Och muss een eng Zäit waarden, ier een gewuer gëtt, wien de Jules ass, an datt d’Sana vun sengem Mann getrennt lieft a guer net méi ant d’Haus vun den Kanner hiren Grousselteren dierft goen. D’Léift tëscht Jules a Sana ass just platonesch, jiddwerfalls wat een hei gesäit, an domadder net wierklech glafwierdeg. Um Ënn huet een dann 94 Minutten an der Sonn vun der Côte verbruecht, déi awer net wiermt.
Fotoen (SND):
* D'Zoé huet den Père Noël fonnt
* Den Gauthier de Gélas a seng Mamm Cerise
* Den Père Noël ass vum Zoé gefesselt ginn
À la poursuite du Père Noël!
Wa Wënsch net an Erfëllung ginn
Regie: James Huth (Frankräich, Belsch, Lëtzebuerg)
Mat: Patrick Timsit, Isabelle Nanty, Antoine Gouy, Théa De Boeck, Eugénie Anselin, Sam Scournaux
Dauer: 97 Minutten
Bewäertung: 2,0
D’Produktiounsfirma Bidibul Productions ass 2009 vum Christel Henon an Lilian Eche gegrënnt ginn. Mat Filmer wéi “Les Blagues de Toto 1 + 2” an “Boule et Bill 1 +2” konnten si erfollegräich Filmer mat produzéieren. De Palme-d’Or-Gewënner “Un simple accident” hunn si och mat finanzéiert. “A la poursuite du père Noël” ass dann e neien Chrëschtdags-Film vum James Huth (“Brice de Nice”, “Lucky Luke”, “Le jouet”).
Dat klengt Zoé (Théa De Boeck) wënscht sech vum Père Noël en Loftdrock-Gewier, fir dem Timothée de Gélas (Sam Scournaux) seng Liblings-Spillsaach ze zerstéieren. Den Timothée terroriséiert an der Schoul virun allem d’Zoé, mee eigentlech all Kand. Säi Papp Gauthier (Antoine Gouy) a seng Bom Cerise (Isabelle Nanty) bedreiwen eng erfollegräich Kichelchers-Fabrik, an esou kënnt dann och näischt un den Timothée. Wéi d’Zoé de Kado vun senger Mamm Diane (Eugénie Anselin) auspéckt, ass am Pak awer net dat gewënschten Gewier. Duerch Zoufall entdeckt hatt um Dach vum Haus vun den de Gélas den Père Noël (Patrick Timsit). Hatt fënnt des Weideren eraus, datt den Père Noël an engem Fräizäit-Park d’Kanner empfänkt. Well seng Mamm bei den de Gélas schafft, kann hatt zesummen mam Timothée a senger Famille an dëse Park reesen, fir de gudde Mann zur Riets ze stellen.
Den Regisseur versicht säi Film an éischter Linn fir d’Kanner verständlech ze halen, mee dat ass awer an dëser Geschicht net esou einfach. An op där anerer Säit soll dat Ganzt jo och net kannereg ausfalen, fir dat déi Erwuessen sech net langweilen. Dee Spagat geléngt net ëmmer an esou gëtt et nieft e puer réusséierten a witzegen Zeenen och méi peinlech an iwwerdriwwe Momenter. D’Zeenen aus dem Park sinn iwwregens am Plopsaland zu De Panne gedréit ginn.
Fotoen (Samsa Film):
* D'Fatima fillt sech duerch den Hamlet befreit
* Les Baronnes
Les Baronnes
Den Hamlet mol mat Fraen
Regie: Nabil Ben Yadir an Mokhtaria Badaoui (Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg)
Mat Saadia Bentaieb, Rachida Bouganhem, Halima Amrani, Rachida Riahi, Sanya Sridi, Chris Lomme, Jan Decleir
Dauer: 96 Minutten
Bewäertung: 3,0
15 Joer no sengem Film “Les Barons” dréit den Nabil Ben Yadir elo zesummen mat senger Mamm Mokhtaria Badaoui “Les Baronnes”, eng änlech Geschicht mat Fraen aus dem Maghreb am Bréisseler Quartier Molenbeek. Et ass dann den zweete Samsa Film mat “Six Jours ...”, deen am Kino leeft.Déi lëtzebuergesch Produktiounsfirma Wady Films huet och mat finanzéiert.
D’Fatima (Saadia Bentaieb) fënnt eraus, datt hire Mann Ahmed (Mehdi Zallama) nach eng zweet Fra an zwee Bouwen huet. Bei hire Frëndinnen Meriem (Rachida Bouganhem), Ramäissa (Halima Amrani) an Ines (Rachida Riahi) sicht si Rot. Dës Grupp nennt sech “les Baronnes”. Schliisslech entscheet d’Fatima sech, mat hiren Frëndinnen dem Shakespeare säin “Hamlet” ze spillen, als eng Aart Befreiung vun hirem Mann an engem onerfëllten Wonsch aus der Vergaangenheet. Och wann d’Fatima am Ufank op wéineg Versteesdemech stéisst, gëtt hir Iddi geschwënn iwwerall bekannt.
De Rhythmus vum Film ass relativ flott an et gëtt och eng Rei witzeg Momenter. En zweet Geschicht betrëfft d’Meriem, dat mam Lucien (Jan Decleir) eng “SMS-Relatioun” huet. De Lucien hëlleft dem Grupp bei de Prouwen zu “Hamlet”. D’Meriem ass awer ze feig, dem Lucien ze soen, datt hatt seng “Femme élégante” ass. Gutt gespillt an inzenéiert, bleift awer um Ënn de Regret, datt ee net gewuer gëtt, wat den Baronnes hiren “Hamlet” esou speziell mécht.
* Den Nilton Martins
* Den Andy Bausch
"MAKE IT SHORT" – Dem Andy Bausch seng Kuerzfilmer
E Muss fir Kinofans an all déi aner
Regie: Andy Bausch
Mat: Thierry Van Werveke, Marco Lorenzini, Nilton Martins, Josiane Peiffer, Nicole Max, Sascha Ley, Monique Reuter, Annette Schlecher, Hervé Sogne, Gintaré Parulyte, Christian Kmiotek, e. a.
Dauer: 92 Minutten
Bewäertung: 4.0
D’Filmer:
...Der Däiwel - 1984 - 20min
Letters Unsent - 1996 - 21min
Language school - 2002 | 5min
The Last 50 Hours of Frankie Blue - 2006 - 8min
Freddie - 2016 - 8min
The Butcher - 2024 - 15min
Den Andy Bausch huet hei am Land Ënn den 1970er Joren ugefaangen, Kuerzfilmer ze dréien. Mat “Troublemaker” huet hien 1986 säin éischten Film an d’Kinoe bruecht an et war en groussen Erfolleg mat iwwer 17000 Zuschauer. Ufanks 2025 hunn hien an den Schauspiller a Casting-Agent Nilton Martins d’Iddi, e Programm mat Kuerzfilmer op d’Been ze stellen. Den CNA huet hinnen zur Säit gestanen an déi al Filmer restauréiert. Ausserdeem huet den Andy nach e Film Ufanks vum Joer gedréit, “Horse Trouble”, e witzegen Mini-Western.
D’Première vum Programm “Make it Short” war am CNA a Presenz vun villen Schauspiller*innen, déi deemools virun der Kamera stungen. Eppes wat opgefall ass, ass déi dach schonn professionell Aart a Weis, wéi d’Filmer gedréit goufen an virun allem d’Schauspiller*innen, déi mat ganz vill Iwwerzeegung hir Rolle gespillt hunn, alle virun den Thierry Van Werveke (1958 – 2009). Den Kameramann Klaus Peter Weber war de Garant fir flott Biller an am Generique tauchen dann och Nimm op, wéi e. a. Raoul Nadalet, Carlo Thoss, Leit, déi haut nach am Kino-Business schaffen.
Ausser den klénge Filmer sinn och nach eng Rei Reklammen ze gesinn, déi den Andy gedréit huet. Esou ass dësen Programm net nëmmen eppes fir agefleeschten Kinofans, méi de Beweis fir jiddereen, datt Lëtzebuerger Kino interessant war an och nach ass.
Ënner https://www.shorts.lu/ fannt Dir nach weider Infoen.
Fotoen (PTD Distributions):
* Den Ion am Dino-Park
* D'Orsolya am Gespréich mam Paschtouer
* De Fred war e fréiere Student vum Orsolya
Kontinental 25
Vu Scholdgefiller gepéngegt
Regie: Radu Jude (Rumänien, Brasilien, Schwäiz, UK, Lëtzebuerg)
Mat: Eszter Tompa, Gabriel Spahiu, Adonis Tanța, Oana Mardare, Șerban Pavlu
Dauer: 109 Minutten
Bewäertung: 3,0
No dem wierklech konfusen “Dracula” kënnt dann “Kontinental 25” vum Radu Jude an d’Kinoen, e Film, deen virum Vampirfilm gedréit gouf. Nees eng Kéier ass de Film vu Lëtzebuerg an dem Paul Thiltges mat finanzéiert ginn. Zu Berlin huet de Film den Sëlwere Bier fir dat beschten Dréibuch gewonnen. Den Jude huet sech um Roberto Rossellini sengem “Europa 51” inspiréiert.
De Film, deen mat Handykamera gedréit gouf, iwwerrascht mol duerch déi gutt Bild-Qualitéit, genau wéi duerch den Ufank, wou en Obdachlosen, den Ion (Gabriel Spahiu), an engem Dinosaurier-Park Pfand-Fläschen an Iessensbëtz asammelt. Hien lieft zu Cluj, der Haaptstad vun Transsylvanien, an engem Keller. Mee d’Dierwiechterin Orsolya (Eszter Tompa) stellt him en Uerder zou, datt hien de Keller raume muss, well d’Haus ofgerappt soll ginn, fir engem Hotel Plaz ze maachen. Wéi si dann mat der Police ukënnt, huet den Ion sech um Heizkierper erhaangen. D’Orsolya gëtt vu Scholdgefiller gequält a sicht bei den verschiddenste Leit Rot, wéi z. B. engem Paschtouer (Șerban Pavlu), hirer Frëndin d’Dorina (Oana Mardare) oder beim fréiere Student Fred (Adonis Tanta).
Filmesch strengt sech den Jude dann net méi vill un an hien placéiert seng Kamera op e Stativ, wou se dann minuttelaang d’Gespréicher tëscht dem Orsolya an de Leit ophëlt, déi hier Rot solle ginn. Dës Dialogen sinn sécher interessant, méi kënnen net méi mam Rhythmus vum Ufank mathalen. Just an den Zeenen mam Fred ass e bësse Beweegung dran. Dat ass schuet, well dës statesch Kameraféierung ass sécher alles aneschters als artistesch. Esou bleift eng filmesch steif Sich no Erléisung fir eppes, wou d’Orsolya net dofir kann. Si konnt net domadder rechnen, datt den Ion sech d’Liewe géif huelen. Et kann e net jidderengem alles gerecht maachen. Esou ass de Film vun der Thematik hir net oninteressant an e spillt och nach an enger flotter Stad.
Fotoen (Les Films du Palléas):
* Den Hamid, den Ali an d'Golli an der Wüst, wou den Eghbal soll begruefe ginn
* Den Vahid ass am Gaang ze gruewen
* D'Shiva ass am Gaang den Ali an d'Golli ze knipsen
* Den Vahid zitt den Eghbal aus senger Camionnette
It Was Just an Accident (Yek taṣādof-e sāde)
Déi éischt Palme d’Or fir eng lëtzebuergesch Coproduktioun
Regie: Jafar Panahi (Iran, Frankräich, Lëtzebuerg)
Mat: Vahid Mobasseri, Mariam Afshari, Ebrahim Azizi, Hadis Pakbaten, Majid Panahi, Mohamad Ali Elyasmehr
Dauer: 105 Minutten
Bewäertung: 3,0
Déi ganz Lëtzebuerger Filmwelt war glécklech, wéi dem Jafar Panahi säi Film “It Was Just an Accident” zu Cannes déi Gëlle Palm gewonnen huet. Besonnesch déi lëtzebuergesch Produktiounsfirma Bidibul, mat der Produzentin Christel Henon, war houfreg op hier Decisioun, de Film mat ze finanzéieren, natierlech zesummen mam Film Fund. Elo ass de Film am Kino.
Den Eghbal (Ebrahim Azizi) ass mat senger Fra (Afssaneh Najmabadi) a sengem klenge Meedchen (Delmaz Najafi) nuets ënnerwee, wéi hien onglécklecherweis en Hong iwwerrennt. Duerno mécht säin Auto Problemer an hien bleift zoufälleg bei engem Haus stoen, wou him gehollef gëtt. Vahid (Vahid Mobasseri) schéint de Mann ze erkennen a fiert him no. Dat geet esou wäit, datt de Vahid de Mann kidnapped an an der Wüst e Graf grueft, fir hien do lieweg ze begruewen. Mee da kommen Zweifelen op, ob hien wierklech déi Mann mat engem kënschtlechen Bee ass, deen hien am Prisong gefoltert huet. Hien ass sech net sécher, well hien ëmmer d’A verbonnen hat. Dofir sicht hien de Salar (Georges Hashemzadeh) op, fir dat deen him hëllefe soll. Mee deen verweist hien un d’Shiva (Mariam Afshari), eng Fotografin, déi derbäi ass Hochzäitsfotoen ze maachen vum Ali (Majid Panahi) an Golrokh, genannt Golli (Hadis Pakbaten). Et stellt sech eraus, datt d’Golli och agespaart war an sech och un sengem Peiniger wëll rächen. Nëmmen ka keen 100% soen, dat de Mann dee war, deen si gefoltert huet. Also sichen si den Hamid op (Mohamad Ali Elyasmehr), deen et muss wëssen. Mee och hei maachen sech Zweifele breet.
De Film ass flott gefilmt an d’Biller schwätzen oft fir sech. Esou entsteet e Fro- an Äntwert-Spill, wou et keng eendeiteg Scholdzouweisung gëtt, well et ze vill Zweifelen ginn. Schlussendlech steet d’Fro am Raum, ob een geneesou brutal mat engem Täter kann ëmgoen, wéi deen am Prisong, wou si als Regime-Géigner agespaart waren, dat heescht onschëlleg an engem totalitären Regime. De Film kritt awer en onerwaarten Dréi an do hëllefen déi 5 der Fra vum Eghbal. Mee dat ass awer net wierklech d’Léisung vum eigentlechen Problem mam Eghbal selwer. All d’Schauspiller spillen mat enger beandrockender Iwwerzeegung. Och wann et hei e puer komesch Situatioune gëtt, déi net ganz logesch sinn, wéi datt si net wëllen vill an der Camionnette schwätzen, fir sech net ze verroden an et awer maachen, ass de Film awer vum Thema hier interessant.
Kuckt och ënner "Neiegkeeten" d'Fotoen vun der Première.
Fotoen (Tarantula):
* D'Ari a seng Frënn protestéieren fir datt d'Zahra dierf bleiwen
* D'Ari a seng Mamm
Iedereen is van de Wereld
(Lief fir mech)
Plazen tauschen
Regie: Mark de Cloe (Holland, Lëtzebuerg), no dem Roman “Monument voor Maartje” vum Judith Koorn
Mat: Sophie Lindner, Maryam Akbari, Marie Jung, Lineke Rijxman
Dauer: 91 Minutten
Bewäertung: 3,0
De Film baséiert op enger richteger Geschicht. D’Ari (Sophie Lindner) ass aus der Klinik entlooss ginn an wéi et schéint ass säi Kriibs geheelt. Seng Mamm Tamara (Marie Jung) ass natierlech iwwerglécklech, zemools well d’Ari voller Liewens-Energie stécht. D’Ari geet zeréck an d’Schoul, wou hatt d’Zahra (Maryam Akbari) kenne léiert, dat mat sengen Elteren aus Afghanistan geflücht ass. Déi zwee gi beschte Frëndinnen. Wéi d’Zahra riskéiert, nees zeréck geschéckt ze ginn an d’Ari réckfälleg gëtt, decidéiert d’Ari der Ministesch Versluis (Lineke Rijxman), déi fir d’Immigratioun zoustänneg ass, e Bréif ze schreiwen, an deem hatt dem Zahra seng Plaz iwwerléisst, well hatt jo stierwe wäert.
De Film gëtt virun allem duerch déi zwee Meedercher gedroen, déi mat ganz vill Iwwerzeegung hier Rollen spillen. De Regisseur de Cloe versteet et och Emotiounen an seng Geschicht afléissen ze loossen, ouni datt dës Zeenen kitscheg wierken an awer d’Zuschauer beréieren. Zudeem ass och Kritik un dem politeschen System eraus ze héieren, wéi mat Immigranten ëmgaang gëtt. De kuckeswäerte Film ass vun Tarantula Lëtzebuerg mat finanzéiert ginn a leeft an der lëtzebuergescher Synchronisatioun an och an der Original-Versioun.
Fotoen (PTD):
* Den Serban Pavlu an den Adonis Tanța
* Zänn-Fleeg bei de Vampiren
Dracula
Konfus Vampir-Geschichten
Regie: Radu Jude (Rumänien, Éisträich, Lëtzebuerg)
Mat: Oana Maria Zaharia, Gabriel Spahiu, Adonis Tanța, Lukas Miko, Eszter Tompa
Dauer: 170 Minutten
Bewäertung: 1,0
Den rumäneschen Regisseur Radu Jude huet schonn eng Rei Filmer zesummen mat Lëtzebuerg, speziell dem Paul Thiltges, gedréit, e. a. “Bad Luck Banging or Loony Porn”, deen 2021 mam Gëllenen Bier zu Berlin ausgezeechent gëtt, “Do Not Expect Too Much from the End of the World” (2023) oder “Kontinental ’25”. “Dracula” ass nees vum Paul Thiltges mat finanzéiert ginn an och vu Samsa Film. Mee et muss een de Film awer net gutt fannen, och wann et eng lëtzebuergesch Produktioun ass. Op en konfus Aart a Weis ginn hei Geschichten ronderëm den Vampir Dracula erzielt, déi een Regisseur mat der Hëllef vun kënschtlecher Intelligenz erschaaft. Esou gëtt hei an engem Restaurant eng Show presentéiert, wou eng Fra (Oana Maria Zaharia) an e Mann (Gabriel Spahiu) eng Vampir-Geschicht erzielen an dann ginn d’Leit mat risegen Bläistëfter bewaffnet op déi zwee lass gehëtzt. Oder den Adonis (Adonis Tanța) bei engem Baron (Lukas Miko) soll seng Bibliothéik archivéieren.
Wann een kee Rumänesch kann, dann liest een bal 170 Minutte laang englesch Ënnertitelen an dat déit kloer drop hin, dat den Regisseur dat filmescht Element komplett negligéiert huet. An et sinn och eng Rei erotesch oder pornografesch Elementer am Film ze fannen, déi zum Deel éischter peinlech eriwwer kommen. Och wann een de Film als eng Mixtur vun ironeschen a witzegen Uspillungen op Dracula-Filmer ugesäit, klappt dat Ganzt net wierklech.
Fotoen (Film Fund):
* Juror 7 (Brendan Conroy) an Juror 8 (Vicky Krieps)
* Den Ian Bailey
* Den President, Juror 3, Juror 2 (Tristan Heanue), Juror 11 (Maja Jurić) an Juror 9
Re-Creation
E fiktiven Prozess
Regie: Jim Sheridan an David Merriman (Irland, Lëtzebuerg – Fabrizio Maltese)
Mat: Jim Sheridan, Vicky Krieps, Colm Meaney, Aidan Gillen, John Connors, Claire Johnston Cauldwell, Gilbert Johnston, Maja Jurić, Elena Spautz
Dauer: 89 Minutten
Bewäertung: 3,0
Am Dezember 1996 gëtt d’Sophie Toscan Du Plantier, d’Fra vum franséischen Filmproduzent Daniel Toscan Du Plantier, an hirem Haus am ireschen West Cork, e puer Kilometer vun der Uertschaft Schull ewech. Als Verdächtegen gëtt den Journalist Ian Bailey spéiderhin verhaft. Mee hien gëtt ni an Irland ugeklot. A Frankräich gëtt den Bailey 2019 an Absence zu 25 Joer Prisong verurteelt, mee Irland liwwert hien ni aus. Den Bailey stierft 2024. Dem ireschen Regisseur Jim Sheridan (e. a. “My Left Foot”, “In the Name of the Father”, “The Boxer”) huet dës Affär et ugedoen. 2021 dréit hien eng Mini-Serie “Murder At The Cottage: The Search For Justice For Sophie”, an där hien genau dokumentéiert, wat deemools geschitt ass. Elo huet hien mat Hëllef vum Fotograf a Regisseur Fabrizio Maltese an dem Lëtzebuerger Film Fund de Film “Re-Creation” realiséiert, wou et ëm e fiktive Prozess geet, wou den Bailey nach eng Kéier ugeklot ass.
De Film ass e Huis-clos, wou déi 12 Juroren driwwer diskutéieren, ob den Bailey (Colm Meaney) elo schëlleg ass oder net. De Sheridan spillt den Juror 1, deen de President vun der Jury ass. Wéi d’Jurorin 8 (Vicky Krieps) e bemol um Bailey senger Schold zweifelt, entsteet eng Diskussioun, wou net nëmmen Argumenter fir oder géint d’Schold virbruecht ginn, mee och individuell Emotiounen an d’Spill kommen. Deen eenzegen, deen fest un d’Schold vum Bailey gleeft, ass den Juror 3 (John Connors). Esou schwieft de Film tëscht dem Prozess géint den Bailey an dem Prozess, deen jidder Jury-Member mat sech selwer féiere muss an der Fro, ob de Bailey schëlleg ass oder net.
Vu Lëtzebuerger Säit spillen hei d’Claire (Nr 9) an den Gilbert Johnston (Nr 4), d’Elena Spautz (Nr 5) an den Konstantin Rommelfangen (Sergeant).
Fotoen (Art House):
* Den Albert an d'Sayoko
* Den Christian (l.) ass vum Albert an Sayoko gekidnappt ginn
La voie du serpent
Kannerschänndung
Regie: Kiyoshi Kurosawa (Frankräich, Belsch, Japan, Lëtzebuerg – Donato Rotunno), et ass de Remake vu sengem Film “Hebi no michi” (1998; Le Chemin du serpent)
Mat: Damien Bonnard, Ko Shibasaki, Mathieu Amalric, Grégoire Colin, Slimane Dazi: Christian Girard
Dauer: 112 Minutten
Bewäertung: 1,0
Den Albert Bacheret (Damien Bonnard) an d’Psychiaterin Sayoko (Ko Shibasaki) sichen de Mäerder vum Albert senger Duechter Marie. Si gleewen, datt eng Organisatioun, déi sech eigentlech ëm d’Adoptioun vu Kanner këmmere soll, hannert dem Mort stécht. Den Handel mat den Organer vun de Kanner war den eigentlechen Zweck an d’Filmer vun den Operatiounen un Perverser ze verkafen. Déi zwee kidnappen e Responsabelen vun der Organisatioun, den Laval (Mathieu Amalric), dann den Guérin (Grégoire Colin)a schliisslech den Christian (Slimane Dazi), deen si op eng Spuer bréngt.
Wat eigentlech eng interessant Geschicht kënnt sinn, ass an dësem Fall awer eng komplizéiert Affär, well villes net ganz kloer ass, wéi z. B. d’Roll vum Sayoko, wat awer eréischt zum Schluss erkennbar gëtt. Et ginn eng Rei net grad logesch Aktiounen, wéi z. B. schleefen déi zwee den Guérin iwwer etlech honnert Meter duerch e Bësch an eng Wiss, amplaz mam Auto bei dat Haus ze fueren. An zum Schluss gëtt jiddereen nidder geballert, deen am Verdacht steet, e Béisen ze sinn. A wéi eng Roll spillt schliisslech dem Albert seng Fra? Froen iwwer Froen, déi am Raum stoe bleiwen.
Fotoen (TFPL):
* D'Henriette, d'Denise an den Eric
* Den Cliff Kieffer an d'Patricia Streitz a Fantasie-Uniformen
* Den Joé Freylinger an den Carlo Dias
Vermësst
Zimmlech onrealistesch
Regie: Joé Freilinger (Lëtzebuerg)
Mat: Laura Pereira, Carlo Dias, Alexandra Hansen, Marc Dupong, Wilma Schonckert, Ryan Cibango, Cliff Kieffer, Joan Kieffer, Claude Clesse
Dauer: 95 Minutten
Bewäertung: 1,0
Et sollt eigentlech luewenswäert sinn, mat 17 Joer e Film ze dréien. Dat huet den Joé Freilinger fäerdeg bruecht an de Film leeft am ganze Land an de Kinoen. Nëmmen muss een awer bemierken, datt et mat Begeeschterung eleng net duer geet, fir e gudden Film ze dréien, souguer wann een a Kaf muss huelen, datt alles op Amateur-Niveau geschitt ass. E gewëssenen Realismus muss sinn, an esou kann een z. B. keng Lëtzebuerger Polizisten mat Fantasie-Uniformen weisen – oder vläit aus Amerika – oder eng Lotterie-Zéiung, wou eng Fra d’Nummeren aus enger Enveloppe hellt a virliest. An do setzt e Mann an engem Reesbüro virun sengem PV, deen aus ass, a schreift eng Reservatioun op en Ziedel. Dat selwecht gëllt fir d’Polizisten.
Dann ass do d’Geschicht vum Eric (Marc Dupong) an dem Henriette (Wilma Schonckert), déi 50 Milliounen an enger Lotterie wannen. Dat wat dann no kënnt, de Kidnapping vun hirem Meedchen, dem Denise (Laura Pereira), duerch deem säi Mann Kevin (Carlo Dias) an seng heemlech Frëndin d’Gaby (Alexandra Hansen), muss komplett aneschters gefilmt ginn. D’Kamera steet a bal Astellung op engem Stativ an et gëtt kaum Beweegung, vum Schnëtt ass net ze schwätzen. Datt all d’Acteuren Amateuren sinn, jo, mee bei villen vermësst een e Minimum un Begeeschterung. Et wier dem Joé ze roden, mol méi dacks an de Kino ze goen, an ze kucken, wéi déi aner hir Filmer zesummen setzen.
Fotoen (Les Films Fauves):
* D'Maria de Medeiros an den Fabio Testi
* D'Céline Camara schafft haaptsächlech zu Lëtzebuerg
* Wien ass d'Serpentik?
Reflet dans un Diamant mort
Schwaachen Hommage un d’Agente-Filmer
Regie: Hélène Cattet & Bruno Forzani (Frankräich, Belsch, Italien a Lëtzebuerg)
Mat: Fabio Testi, Yannick Renier, Sophie Mousel, Céline Camara, Maria de Medeiros, Koen De Bouw, Barbara Hellemans, Kezia Quintal, Thi Mai Nguyen, Sylvia Camarda, Hervé Sogne
Dauer: 87 Minutten
Bewäertung: 1,0
Les Films Fauves huet dëse Film mat der Hëllef vum Lëtzebuerger Film Fund mat finanzéiert. De Regie-Duo Hélène Cattet & Bruno Forzani hunn hiren leschten Film 2017 gedréit, “Laissez bronzer les cadavres”. Et muss een awer soen, datt dëse Film genausou konfus ass, wéi hiren neien.
An “Reflet ...” geet et ëm en fréieren Geheimagent, den John Dilman (Fabio Testi), deen an engem Hotel seng Pensioun genéisst. Hien drénk gär seng Aperitifer an geet dem Rezeptionist ëmmer nees aus de Féiss, wann hien seng Rechnung soll bezuelen. Wéi dann eng Fra aus dem Hotel verschwënnt, gëtt säin Instinkt nees aktivéiert. Esou erënnert hien sech un seng Zäit als Agent (den Yannick Renier spillt den John a jonke Joren) an un en geheimnisvolle Géigner, d’Serpentik (Thi Mai Nguyen; d’ Barbara Hellemans spillt déi al Serpentik). Esou entsteet awer en Kuddelmuddel sonnergläichen, wou een sech freet, wat den Regie-Duo bezweckt. Kloer ass emol, datt si en Hommage un déi sëllegen Agente-Filmer aus den 50er, 60er a 70er Joren wollten dréien. Mee si hu vergiess, datt e Film och eng Geschicht muss erzielen, déi verständlech ass. Mee dat ass hei vergiess ginn.
De Fabio Testi war e ganz beléiften Schauspiller, bis hien ab den 2000er bësse manner gedréit huet. Seng bekanntest Filmer sinn: “C'era una volta il West”, “Il giardino dei Finzi Contini” oder “I quattro dell'apocalisse” an e ganze Koup Western.
Fotoen (JUCAM, CNA):
* De Gast Rollinger
* Den Marco Lorenzini als Pan
TERRE ROUGE - Topographie du poète
En Hommage un den Gast Rollinger
Regie: Fränz Hausemer (Lëtzebuerg)
Mat: Gaston Rollinger, Marco Lorenzini
Dauer: 72 Minutten
Bewäertung: 3/5 Stären
Den Gaston Rollinger (1946-2024) war en Lycéesprofesser, Filmregisseur a Schrëftsteller. Hien huet zesummen mam Menn Bodson (1943-2019) d’Filmer “E Fall fir sech” (1984), “Déi zwéi vum Bierg” (1985),” Vu Fräschen a Mouken” (1986) an “De falschen Hond” (1989) gedréit souwéi eng Rei Kuerzfilmer. Dës Filmer sinn vun RTL, fir déi den Gast vun 1982 bis 1994 als Regisseur a Kameramann geschafft huet, produzéiert ginn an och am Kino gelaf. De Gast huet och Gedichter geschriwwen, vun deenen der 23 vum Fränz Hausemer um Album “Däischter Deeg” publizéiert goufen. Den Hausemer ass duerch de Dokumentarfilm “Schwaarze Mann: Un Noir parmi nous” iwwer den Gewerkschaftler Jacques Leurs bekannt ginn. Hien hat d’Chance de Gast nach zu Liefzäiten ze interviewen an sengem Haus an der Escher Hiel. Zitéiert ginn alternativ Gedichter an d’Erënnerungen un vergaangen Zäiten, an dat Ganzt ënner-moolt mat Biller vun der Natur an der ARBED ëm d’Hiel an enger passender Musek, déi den Hausemer selwer komponéiert huet. De Marco Lorenzini taucht och e puer Mol op, mat engem Jeeër-Hutt mat Haren. Am Schluss-Generique gëtt een dann gewuer, datt hien de Pan ass, den Hierte-Gott aus der griichescher Mythologie, eng Figur déi een net richteg an der Struktur vum Film situéieren kann. Trotzdeem ass de Film eng deels gelonge Mëschung aus Poesie, Musek a Biller, mee et muss ee wëssen, ween de Gast Rollinger ass.
Fotoen (Samsa Film)
* D'Emma
* D'Espe, d'Emma, d'Sascha an d'Khadji
Hors d’haleine
Regie: Eric Lamhène (Lëtzebuerg)
Mat: Carla Juri, Véronique Tschanda Beya, Luc Schiltz, Sascha Ley, Esperanza Martin González-Quevedo, Alessia Raschella, Nicolas Lech
Dauer: 101 Minutten
Bewäertung: 3/5 Stären
No enger Rei Kuerzfilmer an Tëleesserien (ënner anerem “Comeback”) konnt den Eric Lamhène säin éischten Film dréien. Samsa Film huet de Film produzéiert. D’Dréibuch huet den Lamhène zesummen mam Rae Lyn Lee geschriwwen, dat och d’Kamerafra vum Film ass.
D’Emma (Carla Juri) kënnt an e Fraenhaus, wou nach aner Fraen sinn, déi änlech Problemer hunn wéi hat mat sengem Mann Marc (Luc Schiltz). Hei wunnen d’Khadij (Véronique Tschanda Beya), d’Esperanza (Esperanza Martin González-Quevedo), genannt Espe, oder d’Sascha (Alessia Raschella). Déi meescht vun hinnen hu Kanner an et ass hir gréissten Suerg, déi net méi dierfen ze gesinn. Déi ganz ënnerschiddlechen Fraen kommen sech no a versichen sech géigesäiteg ze hëllefen.
Den Film weist op eng ganz intensiv Aart a Weis, wéi d’Emma versicht hir Problemer ze verstoppen – d’Kamera ass ëmmer ganz no un him drun - an et dauert bis bal zum Schluss ier den Zuschauer wierklech gewuer gëtt, wat tëscht dem Marc an him net stëmmt. Dat féier dozou, datt den Zuschauer och kann unhuelen, datt d’Emma eng verwinnte Fra ass, dat net weess, wat et wëll. Eng Kloerstellung vun hirer Situatioun éischter am Film hätt sécher der Geschicht besser gedoen. Trotzdeem kann de Film iwwerzeegen, well wierklech gutt Schauspillerinnen hir Geschichten iwwerzeegt spillen.
Fotoen (Zeilt Productions):
* Den Angelo huet sech an engem Bësch veriert
* Den Angelo a seng Boma
Den Angelo am Wonnerbësch-
Angelo dans la forêt mystérieuse
Fantasie an Science-Fiction
Regie: Alexis Ducord an Vincent Paronnaud (Lëtzebuerg, Frankräich) no dem Comic DANS LA FORÊT SOMBRE ET MYSTÉRIEUSE vum Winshluss
Mat de Stëmmen vun
Franséisch Versioun: Yolande Moreau (Grand-mère), José Garcia (Ultra), Philippe Katerine (Fabrice), Dario Hardouin-Spurio (Angelo)
Lëtzebuergesch Versioun: Evan Baustert (Angelo), Luc Schiltz (Angelo Abenteurer), Mike Folschette (Fabrice), Mike Tock (Ultra), Christiane Rausch (Boma)
Dauer: 81 Minutten
Bewäertung: 2/5 Stären
Den Angelo huet eng immens Fantasie. Hien stellt sech vir, en groussen Abenteurer ze sinn. Mee um Wee bei seng krank Bom, vergiessen seng Elteren hien op enger Tankstell. Hien kënnt an e Bësch mat vill komeschen Wiesen an engem Alien, den Ultra, deen op der Sich no der Quell vum éiwegen Liewen ass.
De Film ass vun Zeilt Productions mat produzéiert ginn, eng Firma hei zu Lëtzebuerg, déi Animatiounsfilmer produzéiert an déi vum Laurent Witz gegrënnt gouf. De Witz an den Alexandre Espigares hunn 2014 den Oscar fir den beschten Animatiouns-Kuerzfilm gewonnen, “Mr Hublot”.
Den “Angelo” fänkt ganz witzeg un an fir eemol entdeckt een vill lëtzebuergesch Wierder, déi een scho laang net méi héieren huet. Wéi d’Geschicht allerdéngs vun der Fantasiewelt vum Angelo an den Science-Fiction-Universum vum Ultra ofrëtscht, verléiert sech d’Originalitéit a mécht Plaz fir Saachen, déi een schonn esou dacks gesinn huet.
Marianengraben
Trauerbewältegung als eng Art Road-Movie
Regie: Eileen Byrne (Lëtzebuerg, Eisträich, Italien), , no dem Roman vum Jasmin Schreiber
Mat: Luna Wedler, Edgar Selge, William Vonnemann, Martin Maria Abram
Dauer: 90 Minutten
Bewäertung: 3/5
D’Paula (Luna Wedler) begéint dem Helmut (Edgar Selge) um Kierfecht. Hatt trauert ëm säi Brudder Tim (William Vonnemann), deen zu Triest erdronk ass a gëtt sech d’Schold un dem trageschen Doud. Hatt wollt den Marianengraben, déi déifste Plaz op eiser Äerd erfuerschen, mee hat ass um déifsten Punkt an sengem Liewen ukomm. Den Helmut ass am Gaang d’Urn vun senger verstuerwener Fra auszegruewen. Hien wëll si an den Südtirol bréngen an se do op de Platzen verstreeën, wou si sech kenne geléiert hunn a gewunnt hunn. Well d’Paula op Triest wëll, fir do dem Tim säin Gebuertsdag ze “feieren”, geet eng Rees mam Helmut a sengem Camper un, bei där déi zwee komplett ënnerschiddlech Mënschen sech géigesäiteg hëllefen, hir Trauer ze bewältegen.
Den Ufank vun dëser lëtzebuergescher Koproduktioun (Samsa Film) ass interessant an witzeg, z. B. d’Zeen, wou FKK-Wanderer am Séi schwammen wëllen, wou den Helmut d’Äschen verstreet huet. Den Tim taucht vun Zäit zu Zäit op. Hien stellt bildlech dat éischter gutt Gewëssen vum Paula duer. Dann awer erweisen sech Detailer an der Geschicht als net wierklech kohärent. War den Helmut nach bei senger Fra? Firwat benotzt hien net d’Toilette an sengem Camper? Wéi kann den Tim den Numm vum Hond vum Helmut wëssen? A firwat geet dem Paula sengem Handy de Stroum net aus? Dat sinn fir déi eng Banalitéiten a si stellen sech keng Froen, well se dës kleng Problemer an der Geschicht warscheinech net erkennen. Anerer stéieren sech drun, well se dach weisen, datt d’Dréibuch plazeweis net duerchduecht ass. D’Eileen Byrne bleift duerch meeschtens Total-Astellungen op Distanz zu sengen Protagonisten. Sou kennt et net zu enger méi intensiver Relatioun mat hinnen an hiren Problemer. Schauspilleresch harmonéieren Luna Wedler a Edgar Selge an iwwerdecken esou deels dës Ongereimtheeten.
Fotoen (Samsa Film) vun uewen:
* Den Helmut an d'Paula hunn Äschen an engem Séi verstreet
* D'Paula huet e verletzten Hong fonnt
* Den Tim ass dem Paula säi Gewëssen
* Den Helmut wëll d'Äschen vun sengem Helga a Südtirol verstreeën
Fotoen (Heimatfilm):
* D'Sophie Verbeeck spillt eng äiskal Killerin
* Wat den Charles Mahr (Louis-Do de Lencquaiseng) wierklech mécht, ass zum Deel e Rätsel
Der Tod wird kommen (La Mort viendra)
Komplizéiert a konfus
Regie: Christoph Hochhäusler (Däitschland, Belsch, Lëtzebuerg)
Mat: Sophie Verbeeck, Louis-Do De Lencquesaing, Marc Limpach, Mourade Zeguendi, Nassim Rachi, Hilde Van Mieghem
Dauer: 101 Minutten
Bewäertung: 1/5 Stären
En Transporter gëtt vun der Lëtzebuerger Police ugehalen an hannert engem Bild fannen si vill Suen. Dann diskutéiert de Gauner Patric de Boer (Marc Limpach) mat sengem Rival Charles Mahr (Louis-Do de Lencquaiseng) iwwer d’Méiglechkeeten, d’Sex-Geschäft op en ganz aneren Niveau ze bréngen, souwuel digital wéi legal. Wärenddeems fummel den Charles un enger Gummis-Popp an huet en Virtual-Reality-Brëll op – digitalen 3D-Sex. Den Chauffer vum Transporter gëtt erschoss. Den Charles engagéiert d’Killerin Tez (Sophie Verbeeck) de Mäerder ze fannen. Zu Bréissel mécht hatt sech op d’Sich.
Sou wäit sou gutt, mee wann een duerno iergendeng Logik an der Geschicht sicht, wéi och déi eenzel Personnagen iergendenger Säit – de Boer oder Mahr – zouuerdnen well, dann verleeft een sech an engem Intrigen-Kuddelmuddel. Wien ass wien? Wien sinn all déi Niewen-Figuren a wéi eng Roll spillen si? No 101 Minutt huet een sou gutt wéi keng Äntwert kritt. De Regisseur versicht nach e bësse Spannung duerch kuerz Verfollgungsjuegten a Schéissereien an d’Spill ze bréngen, mee dat geléngt net wierklech, well hien et net fäerdeg bréngt, seng Figuren an hir Aktiounen kloer ze definéieren. Si kënnen alles sinn: Zouhälter oder Konscht-Schmuggler oder iergendeppes Aneschters. De Film ass vun Amour Fou Lëtzebuerg mat finanzéiert ginn. Nieft dem Marc Limpach spillen nach de Luc Feit, den Al Ginter, d’Elsa Rauchs, de Felix Adams an d’Brigitte Urhausen kleng Niewerollen.
Fotoen (Deal):
Den Tim Roth als Lucas an d'Trine Dyrholm als Edith
Poison
Huis-clos op engem Kierfecht
Regie: Désirée Nosbusch (Lëtzebuerg, Holland, UK), no dem Theaterstéck “Gif” (2009) vum Lot Vekemans
Mat: Tim Roth, Trine Dyrholm
Dauer: 86 Minutten
Bewäertung: 2/5 Stären
Op dem Kierfecht zu Veianen treffen sech d’Edith (Trine Dyrholm) an hiren Ex-Mann Lucas (Tim Roth) fir d’éischt no 10 Joer Trennung. Si sinn dohinner bestallt ginn, well d’Graf vun hirem verstuerwene Bouf Jacob verréckelt soll ginn, well Gëft de Buedem verseucht huet. De Film besteet aus hire Gespréicher iwwer d’Vergangenheet a virun allem iwwer den Accident, deen dem Jacob d’Liewe kascht huet.
De Film spillt an enger Kierch, der Toilette an engem Raum um Kierfecht. An anere Wierder ass d’Theaterbün zu engem Kierfecht ginn. Et gëtt keng Réckblécker a weider och keng weltbeweegend Kamera-Aarbecht oder e Schnëtt, deen dem luesen Geschéien e bëssen Rhythmus verléine géif. De Film besteet exklusiv aus englesch geschwaten Dialogen. Et kann een mat hirer Ausso averstane sinn oder och net. Mee schwätzt eng Koppel, nodeem se 10 Joer net mateneen geschwat huet, - wat war mat der Scheedung? - esou Banalitéiten? Kee freet deen aneren wat alles lass war a wat elo ass. Wat den Accident vum Bouf ugeet, sou war just d’Edith Zeien. Och hei vermësst een Erënnerungen un d’Kand, wéi z. B. éischt Schrëtt, éischt Wierder, Vakanzen zesummen, asw. Déi zwee international renomméiert Schauspiller spillen hir Rollen ganz anstänneg, awer bréngen et net fäerdeg, den Zuschauer mat hiren Erënnerungen wierklech ze paken.
“Poison” ass dem Désirée Nosbusch säin éischte Film, deen hat mat senger Filmproduktiouns-Firma Deal produzéiert huet. Seng Partnerin ass d’Alexandra Hoesdorff (Deal = Désirée an Alexandra).
D’Stéck “Gif” ass 2009 eraus komm an huet 2010 den Taalunie Toneelschrijfprijs gewonnen. Et ass an vill Sproochen iwwersat ginn an 2014 am Kasemattentheater gespillt ginn, mam Désirée Nosbusch als Edith an dem Germain Wagner als Lucas. 2013 huet d’Spuenierin Isabel Coixet d’Stëck ënner dem Titel “Ayer no termina nunca” (Yesterday Never Ends) schonn emol verfilmt.
Fotoen vun der Avant-Première:
* Den Regisseur David Oelhoffen
* Den Amour-Fou-Produzent Alexander Dumreicher-Ivanceanu
Fotoen (Amour Fou):
* Den Georges an den Marwan
* Bei de Proufen
Le quatrième mur
Theater am Krich
Regie: David Oelhoffen, nom Roman vum Sorg Chalandon (Frankräich, Lëtzebuerg, Belsch)
Mat: Laurent Lafitte, Simon Abkarian, Manal Issa, Bernard Bloch
Dauer: 116 Minutten
Bewäertung: 2/5 Stären
1982. Den kranken Theatermann Sam (Bernard Bloch) biet säi Frënd Georges (Laurent Lafitte) fir hien d’Regie vun “Antigone” ze iwwerhuelen. D’Saach huet allerdéngs een Hoken: Dëst soll am Krichsgebitt vum Libanon zu Beirut stattfannen. De Georges wëll sengem Frënd dëse Gefale maachen a reest op Beirut. Hei féiert den Marwan (Simon Abkarian) hien ronn drëm. Esou mécht den Georges sech op d’Sich vun den Schauspiller, déi den Sam virgesinn huet. Dat sinn Leit vun allen Reliounen, déi awer all soen, si wieren fir d’éischt Schauspiller, ier si Chrëscht, Muslim oder Unhänger vun enger anerer Glawensrichtung sinn. D’Antigone soll d’Imane (Manal Issa) spillen. Mee an engem Land am Krich ass Theater-spillen bal eng Saach vun der Onméiglechkeet.
D’Ausso, datt beim Spillen vun engem Theaterstéck d’Relioun oder d’Nationalitéit keng Roll spille soll oder esouguer dierf, ass sécher begréissenswäert, awer entsprécht net der Realitéit am Krich-Land Libanon, wou bal jiddereen mat enger Waff ronn drëm leeft an rücksichtslos quasi op alles scheist, wat wibbelt. Et ass och e Moment ganz schéin, wéi déi verschidden Schauspiller hier Rollen uginn, mee de Krich zerstéiert all positiv Initiativ. Den Regisseur geet ausserdeem zum Schluss esou wäit, datt hien dat bedéngungslos op der Bün zesummen spillen duerch aner Ideologien, wéi Haas an sech un Mäerder an Vergewalteger rächen ersetzt. Schlussendlech ass hien sech net wierklech eens, wat dann elo méiglech ass.
Déi véierte Mauer ass un sech d'Rido/d'Mauer zum Saal, wou d'Zuschauer sëtzen. Déi aner dréi Maueren sinn d'Säiten vun der Bün.
Den Film ass vun Amour Fou Lëtzebuerg co-produzéiert ginn. Gedréit gouf am Libanon an och zu Lëtzebuerg.
En Dënschten 21. Januar 2025 war d'Avant-Première am Utopia.
Dësen Film vum David Oelhoffen huet follgend Präisser gewonnen:
* De Publikums-Präis zu Montélimar a Frankräich um Festival “De l’Écrit à l’Écran »
* Prix RTBF um FIFF zu Namur an der Belsch
* Prix Chabrol du Public um Festival “De la page à l’image” zu Le Croisic
* Prix Chabrol de la Meilleure Adaptation um Festival “De la page à l’image” zu Le Croisic
Fotoen:
* D'Nokommen vun den Lëtzebuerger feieren d'Luxembourg Fest
* Den Geoff Thompson
Luxembourg in America
Iwwer 2 Milliounen Nokommen vu Lëtzebuerger an Amerika
Regie: Geoff Thompson (Lëtzebuerg)
Dokumentarfilm
Dauer: 40 Minutten
Bewäertung: 3/5 Stären
Am 19. Joerhonnert huet eng Hongersnout d’Leit aus Lëtzebuerg gezwongen auszewanderen. Tëscht 60.000 an 70.000 Lëtzebuerger sinn no Amerika ausgewandert. Vill hunn sech der am Wisconsin ugesidelt. Et gëtt geschat, datt iwwer 2 Milliounen Nokommen vun dësen Auswanderer haut an Amerika wunnen. Den Geoff Thompson, Organisateur vum British and Irish Film Festival, war d’lescht Joer am August an den USA, wou dat 38. Luxembourg Fest gefeiert gouf. Seng Andréck huet hien am Film “Luxembourg in America” festgehalen.
Et sollt e Kameramann hien begleeden, mee deen huet am leschte Moment ofgesot an esou war et den Paul Schonenberg, deen agesprongen ass. An et gesäit een, dat dësen a Saachen Kameraféierung keng Anung huet. Déi allermeescht Interviewen si ganz statesch gefilmt, mat der Kamera op engem Stativ. Dëst mécht de Film net wierklech lieweg. Mee et muss een dem Geoff an dem Paul urechnen, datt se dëst Thema dokumentéiert hunn, mat vill ganzt interessanten Saachen.
D’Première war den 11. Februar am Utopia. Et gouf och eng Table-Ronde ëm d’Thema “den Handel mat den USA”, wat mam Donald Trump riskéiert ganz heikel ze ginn. Den Paul Schonenberg, deen President vun der AMCHAM ass (American Chamber Of Commerce In Luxembourg Asbl), huet hei mam Georges Lentz, Generaldirekter vun Bofferding, Wolfgang Klaer, Chief Administrative Officer vun PM International, André Mehlen, Generaldirekter vun Vinsmoselle, diskutéiert.