Kinoen zu Lëtzebuerg

Luxembourg City


Ciné Utopia

D’Geschicht vum Utopolis/Kinepolis ass 1983 ugaangen, wéi passionéiert Filmfans an enger Garage an der Avenue de la Faïencerie de Kino Utopia ageriicht hunn. Ouverture vun dësem Sall, an deem 145 Leit Plaz haten, war den 15. Dezember. Den Film “Congé fir e Mord” vum Paul Scheuer war den éischte Film. Am Mee 1985 kënnt en zweete Sall fir 79 Leit bäi. 1989 gëtt aus dem Miniplex a Multiplex mat 5 Säll a Plaz fir 606 Leit (Stand haut). Ouverture war den 14. Dezember.

No dem groussen Erfolleg vum Utopia, ass e neie Kinokomplex geplangt ginn. Um Kierchbierg goung den Multiplex Utopolis mat 10 Säll am Dezember 1996 op der Avenue John F. Kennedy op. Deemools war hei Plaz fir 2693 Leit, mee mat den Ëmbauten – Sall Imax an 4DX – stinn elo nach 2 088 Sëtzplazen zur Verfügung, dovunner 260 Cosy Seats, 116 Foteller am 4DX-Sall an 354 am IMAX-Sall. 2015 huet den belschen Kinepolis Group den Utopia Group opkaf. Den Kinepolis-Komplex krut den Zousaz Kierchbierg bäi.

 

Esch-sur-Alzette

Kinepolis Belval

 

Als leschte Multiplex kënnt den CineBelval am Akaf-Zentrum Belval-Plaza zu Esch-Uelzecht bäi. Den Exploitant Caramba Sud SA huet sech aus enger Rei Participanten zesumme gesat, e. a. Massard Participations vum Rëmelenger Kinobedreiwer Raymond Massard. Den 18. Dezember 2008 sollten déi 7 Säll mat 1506 Plazen (haut duerch d’Ëmbauten – Cosy Seats an ScreenX - sinn et nach 1415 Sëtzer) opgoen, mee duerch Problemer mat der Inspection du Travail et des Mines gouf d’Eröffnung ëm een Dag verréckelt. Mat 513 Plazen ass den Sall 1 déi gréisste aus dem Land. Den Komplex verfüügt och iwwer den eenzegen ScreenX-Sall.

 

Kinosch Kulturfabrik

* hei gëtt nëmmen selten gespillt

 

Am Kinosch

22. Oktober 2026, 17:00 – 21:45 

Filmvorführung mit anschließender Diskussion und einem informellen Austausch mit Dr. Eric Schneider

E Film vum Nada Mezni Hafaiedh (Tunesien 2023)

Mat

  • Amina Ben Ismaïl
  • Sana Ben Cheikh Larbi

Der Film begleitet die 23-jährige Schneiderin Shams, die in einem streng konservativen Umfeld auf einer abgelegenen Insel lebt. Ihr ruhiges Leben gerät aus den Fugen, als ihr Geheimnis ans Licht kommt: Shams ist intergeschlechtlich. Verstrickt in ein Liebesdreieck und von einem Angreifer bedrängt, flieht sie in die Hauptstadt, wo sie bei einer Verwandten Unterschlupf sucht und mit ihrer Identität


CINEXTDOOR regruppéiert d'Kinoen zu:

Bettembourg

Cinéma LeParis

 

 

 

 

Mois Des Seniors

Am LeParis den 15. Oktober um 19.00

No Hit Wonder

Regie: Florian Dietrich

 

Mat: Florian David Fitz, Nora Tschirner, Jerusha Wahlen, Corinna Kirchhoff, Bernd Hölscher, Jasmin Shakeri, Lorna Ishema, Udo Samel, Holger Stockhaus, Aziz Dyab, Anja Antonowicz, Hyun Wanner

Daniel is a singer who became famous overnight thanks to one song. But for the aspiring artist, the dream of fame was short-lived: his song turned out to be a one-hit wonder, and Daniel fell into a deep depression when his subsequent songs failed to connect with audiences. Daniel soon finds himself with few options left – he wants to end his life. However, his suicide attempt fails and he ends up in a secure psychiatric ward. He is allowed to leave on one condition: he must use his music to make a group of depressed people happy.

Vergaangen Events

Avant Première vum Film

"Äppel a Biren"

E Film vum Lukas Grevis

Mat Margarida Domingos, Alyne Fernandes, Jil Devresse, Max Bäcker, Kerim Ćutuna, Adriano Selva, Orlène Dabadie, Eren M. Güvercin, Elsa Lekakou, Naomi Kneip, Sascha Ley, Esther Gaspart Michels, Luc Schiltz

Zesummen mam Service à l'Égalité des Chances, der Commission Communale du Vivre ensemble interculturel an der Commission Communale de l'égalité des chances et de la cohésion sociale war den 21. Mee eng Avant-Première am Kino LeParis vum lëtzebuergesche Film “Äppel & Biren” vum Lukas Grevis, deen och säi Film virgestallt huet. Den Beetebuerger Schäffen Alain Gillet an d’Deborah Semedo vum Service à l’égalité des chances hunn déi eenzel Servicer vertrueden.

De Film, deen allerdéngs warscheinlech nach ëmgeschnidde gëtt, handelt vum Sofia (Margarida Domingos), dat eng Rees ënnerhëlt, déi eigentlech seng Schwëster Joan (Alyne Fernandes) sollt maachen, déi awer bei engem Accident ëm d‘Liewe komm ass. Sou reest hatt duerch Europa op der Sich no sech selwer a fir seng Schold ze vergiessen.

Erstaunlech ass och, datt Leit wéi den Luc Schiltz, de Sänger Chaild, d’Sascha Ley, d’Sophie Mousel an d’Jill Devresse kleng Rollen am Film spillen.

De fäerdege Film soll am Oktober an d’Kinoe kommen. Den Lukas huet schonn de Film “D’Land am Schiet” gedréit a war fir den Lëtzebuerger Filmpräis 2025 fir dat bescht Dréibuch nominéiert.

 

Foto:

* Den Alain Gillet, d’Deborah Semedo an den Lukas Grevis am LeParis zu Beetebuerg

 

Generalversammlung vum Ciné-Club LeParis: Alles leeft beschtens

Den Beetebuerger Ciné-Club LeParis huet säi Bilan fir 2025 op der regulärer Generalversammlung presentéiert. Wärend 2024 5936 Zuschauer gezielt goufen, waren et der 2025 7524 an dat an 381 Virstellungen. De bescht besichte Film war “Dem Thelma säi Wonsch” mat 427 Zuschauer.

Ouni den Support vun der Beetebuerger Gemeng wär d’Kinosliewen net méiglech. Mee hei muss ee soen, datt déi eenzel Servicer vun der Gemeng, wéi den Service de l’égalité des chances, den Service écologique oder den Service littéraire, vum Kino profitéieren an esou sinn dann donneschdes, den Dag vun den Spezialvirstellungen, déi meeschte Leit gezielt ginn, nämlech 1664.

Finanziell steet de Klub sech ganz gutt. Als Vertriederin vun der Gemeng huet d’Madamm Véronique Hauferlin-Wildgen déi ganz gutt Zesummenaarbecht mam Ciné-Club ënnerstrach an hofft ob weider gutt Joren a Filmer.

De Comité vum Ciné-Club setzt sech wéi follgend zesummen:

Jean-Jacques Zeimes, President; Ralph Biver, Vizepresident; Joel Suhren, Sekretär; Tom Michels, Tresorier, an de Memberen Jean-Paul Müller, Romain Reinard, Yannick Boever, Aaron Lanners, Olivier Rodesch, Oliver Stanislowski an Julian Rousset. Nei am Comité ass dann och d’Birgit Dunker. Als Net-Comité-Memberen stinn och nach den Paul Weins, den Vincent Evers an Xavier Apautes zur Säit.

Fotoen (CH.S.):

* E Bléck op déi present Memberen                 * De President Jean-Jacques Zeimes                  * De Sekretär Joël Suhren


Diekirch

Cinéma Scala

Dudelange

Ciné Starlight

Grevenmacher

Kulturhuef Kino

Kahler

Kinoler

Troisvierges

Ciné Orion

Wiltz

Ciné Prabbeli

Caramba regruppéiert d'Kinoen zu:

Mondorf-les-Bains

Ciné Waasserhaus

Rumelange

Ciné Kursaal

Echternach

Ciné Sura

Ab  dem 1. August ass den Sura nees op als Member am Circuit vun den Caramba Kinoen.